Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

JANS Jahresrueckblick Mitarbeiterwuerdigung
BLOG / 19.12.2025

Dat war eist Joer – JANS kuckt zréck op 2025

2025 – e weidert Joer voller Engagement a Bau-Power kënnt lues awer sécher op en Enn. Nieft ganz besonnesche Projeten – wéi beispillsweis der zréckbaubarer Schoul zu Dummeldeng oder eisem Gîte zu Kaalmes, dee grouss Beléiftheet beim breede Public kannt huet – gouf et och intern e puer Häerzensprojeten, déi mir mat Succès ëmsetze konnten. Houfreg kucke mir op en erfollegräicht Joer 2025 zréck.

Bün fräi fir den Atelier

Ee vun de groussen Héichpunkte war fir eis dobäi de Bau vum neien Atelier, fréier eise Showroom, an eiseme Haaptbüro zu Eschweiler. „Den neien Atelier ze plangen an ze gestalten, war en absolutten Highlight fir eis. Do ass immens vill Häerzblutt eragefloss. Net just vu menger Säit, mä vum kompletten Team“, resüméiert de Gerant Steve Jans dëse Projet.

D’Zil vum Atelier ass et, nach méi individuell op d’Wënsch an d’Virstellunge vun eise Clienten anzegoen. Mat enger breeder Panoplie u Mustere kënnen déi ganz variéiert Kombinatiounsméiglechkeete vu Materialer, Faarwen a Formen individuell zesummegestallt ginn. Esou kënnen d’Wunndreem vun Ufank u méi gräifbar gemaach ginn – an alles dat an der eenzegaarteger Design-Sprooch vu JANS, fir déi eisen Atelier exemplaresch steet.


Alles aus enger Hand – elo och am Metall

Och soss gouf et intern eng Rëtsch Weiderentwécklungen. Ënner anerem hu mir d’Aktivitéite vun engem Metallbau-Betrib mat sechs Mataarbechter iwwerholl. Doduerch konnte mir eng zousätzlech a ganz wäertvoll Expertis fir JANS am Beräich Stolbau, Gelänner, Trapen, Metallbauaarbechten a Metallinterieur gewannen. Dat féiert dozou, datt de Slogan „alles aus enger Hand“ nach méi ëmfaassend ëmgesat ka ginn.

„Fir eis geet et ëmmer dorëms, JANS weiderzeentwéckelen, fir eise Clienten en nach méi breeden an exklusive Portfolio ubidden ze kënnen. Ech hu mech dofir immens gefreet, datt mir eis 2025 am Metallbauberäich verstäerken an e wäertvollen Know-How an d’Firma huele konnten“, freet sech de Steve Jans.

Vun elo u kënne mir eise Clienten hauseege Metalltrapen a Gelänner ubidden, wat eng nach méi individuell Betreiung bei konkreete Wunnwënsch méiglech mécht.


Laangzäitprojet Digitaliséierung

E wichtegt Theema, wat sech als reellen Challenge duerstellt, an dat mir 2025 och an Ugrëff geholl hunn, ass d’Digitaliséierung vun interne Prozess-Ofleef an d’Verknëppe vu Corps-de-metiere bei JANS. D’Visioun war et, mat engem Klick all d’Corps-de-metieren ze synchroniséieren. Esou kënnen all wichteg Informatiounen iwwer déi eenzel Projete fir déi bedeelegt Mataarbechter flexibel zougänglech gemaach ginn – fléissend vum éischte Kontakt mam Client bis zu der Ofrechnung.

Keng einfach Saach, mä dës Prozessëmstellung huet sech gelount, well d’Virdeeler leien op der Hand: Zäiterspuernes, Produktivitéitswuesstem, besseren Informatiounsfloss an eng effizient Planung fir d’Rendez-vousen. All dëst kënnt eise Clienten ewéi och eise Mataarbechter am nämmlechte Mooss ze gutt.


Laangjäreg Trei

E ganz erfreelecht Evenement gouf et fir JANS am September. Alleguerten d’Ae waren op en Deel vun eise laangjärege Mataarbechter geriicht, déi mir fir hir Trei iwwer Jore mat enger Feier inklusiv engem gemeinsamen Owesiesse gewierdegt hunn. An der Presenz vum Claude Jans, Steve Jans, de Membere vun der Direktioun an den eenzele Responsabele vun de Servicer gouf de geluedene Gäscht eng Auer iwwerreecht. Dës JANS-Mataarbechter, déi sech an hir wuelverdéngte Pensioun verabschit hunn, kruten zousätzlech e Reesbong geschenkt. Gewierdegt goufe 26 Mataarbechter – dorënner aacht Persounen, déi zanter 20 Joer Deel vun der JANS-Famill sinn an zwou Persounen, déi sech zanter dräi Joerzéngte bei JANS abréngen.

Dës laangjäreg Trei vun esou enger grousser Unzuel u Mataarbechter erfëllt eis mat immenser Freet an Dankbarkeet. Et léisst eis op en Neits de Wäert vu jiddfer Eenzelen erkennen a gesinn, wéi essenziell den individuellen, konstanten a verléisslechen Asaz an engem Betrib ass. Dofir soe mir MERCI.

JANS Jahresrueckblick Mitarbeiterwuerdigung

E bësse Glamour fir den Ofschloss

Géint der Enn vum Joer hu mir eis an eise Clienten nach e bësse Glamour gegënnt: d’Publikatioun vun eisem JANS-Magasinn Editioun 006. D’Joer Revue passéiere loossen, Highlight-Projeten an déi aktuell Trends am Print virstellen, Mataarbechter an hir ënnerschiddlech spezifesch Tätegkeete bei JANS an d’Vitrinn stellen – all dëst vereent eist Magasinn, dat järlech erauskënnt a genee esou mat Léift fir den Detail konzipéiert gëtt, wéi all eis Bauprojeten och. Ze entdecke gëtt et donieft och ënner anerem exklusiv Ablécker an eisen neien Atelier.

Wien e Bléck an eis Zäitschrëft geheie wëllt, dee kann op eis JANS-Websäit laanscht surfen oder e Besuch an eisen Haaptbüro op Eschweiler ënnerhuelen.

Mat esou villen erfollegräich ofgeschlosse Projeten am Réck kuckt de Gerant Steve Jans mat Zouversiicht an d’Zukunft. „Ech gi mat engem gudde Gefill an dat neit Joer. Schonns eleng, well ech weess, datt eis vill spannend Projeten erwaarden. E puer grouss Projete starten nach an dësem Wanter. Mir si ganz gutt virbereet op alles wat kënnt.“