Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

FAQ – dacks gestallte Froen

Déi individuell Dreem vun eise Clienten hu fir eis héchste Prioritéit. Eis FAQ sollen dobäi hëllefen, Onkloerheeten ze léisen.

Brennt dir ëmmer nach eng Fro op der Zong? Da geet et hei bei de Kontaktformulaire.

  • Wéi vill kascht e JANS Haus?

    Dat ass ënnerschiddlech an hänkt staark vun den individuelle Wënsch vum Client of. Graff kann ee soen, datt et bei 500.000 Euro lassgeet.

  • Wat kascht eng Offer a wéi séier kann ech mat enger Offer rechnen?

    D’Erstelle vun enger Offer ass ouni Käschte verbonnen a gëtt duerch en éischte Berodungsgespréich realiséiert. Den Aarbechtsopwand läit aktuell bei 2 bis 3 Wochen.

  • A wat fir enge Länner baut JANS?

    Virun allem zu Lëtzebuerg. Et gëtt allerdéngs och Bauprojeten an Däitschland, Holland an der Belsch.

  • Wéi sinn déi aktuell Waardezäiten?

    Bis de Start vum Bau muss een aktuell 6 bis 8 Méint arechnen.

  • Geet et och méi séier? Et si jo nëmme Klengekeeten ze maachen.

    Mir hunn eng Liste d’attente, déi chronologesch ofgeschafft gëtt. Fir bestoend Clientë besteet allerdéngs d’Méiglechkeet, fir mat hirem Uspriechpartner e Rendez-vous festleeën.

  • Kann ech e JANS Haus kucke kommen?

    Huel gäre Kontakt mat eis op a mir gi fir en éischt Kenneléieren an eent vun eise Musterhaiser kucken. Hei kënns du op d’Kontaktsäit.

  • Huet JANS eegen Architekt(inn)en?

    Aktuell schafft JANS mat externen Architekt(inn)en zesummen. D’Clientë kënne selwer een/eng Architekt(in) proposéieren oder mir siche gemeinsam mat dir een/eng eraus. Mir freeën eis op all Kontaktopnam..

  • Wat fir Servicer offréiert JANS?

    Eng Iwwersiicht vun eise Servicer fënns du ënner Servicer.

  • Wéi leeft de Prozess vun der Zesummenaarbecht mat JANS of?

    De Prozess deelt sech a 5 Schrëtt an:

    1. Wann s du Interessi un enger Zesummenaarbecht hues a gär méi iwwer JANS a seng Aarbecht wësse wëlls, kanns du dech gär bei eis mellen oder direkt e Rendez-vous fir e Berodungsgespréich fixéieren.
    2. Fixéier e Rendez-vous an eisem Showroom oder fann eis an engem vun eise Musterhaiser fir en onverbindlecht a gratist Berodungsgespréich.
    3. Wann s du dech bis fir eng Zesummenaarbecht mat eis entscheet hues, setze mir eis zesummen a fänken direkt mat dem Plang vun dengem individuellen Dramprojet un. Zesumme mat dengem perséinleche Beroder, dee vum Ufank bis zum Schluss fir dech an deng Wënsch do ass.
    4. Op dëser Etapp setze mir eise Plang an d‘Wierklechkeet ëm a fänke mat der Realiséierung vun dengem Projet un. Spannend!
    5. De groussen Dag ass komm a mir freeën eis op déi feierlech Remise de clés fir däin Dramhaus.
  • Baut JANS ausschliisslech schlësselfäerdeg Haiser?

    Nee. Mir bei JANS offréieren eng breed Panoplie u Servicer – ëmmer individuell geplangt, ëmmer aus enger Hand. Vum Neibau iwwer Renovatiounsaarbechten an Innenarchitektur bis hin zu Gaarden- an Toitureaarbechten. Méi Informatioune fënns du ënner Servicer.

  • Wéi kann ech mech bei JANS bewerben?


    Mir sinn ëmmer op der Sich no motivéierte Mataarbechter, déi en Deel vun eiser Ekipp wëlle ginn. Fann eng Iwwersiicht vun den Offres-d’emploi ënner Karriär a looss eis däi CV zoukommen.

  • Muss ech Proprietär vun engem Terrain sinn, fir mat JANS bauen ze kënnen?

    Vum Wonsch fir e Bauprojet bis hin zu der Remise de clés – JANS ass de ganzheetleche Begleeder fir all Projet. Kontaktéier eis gär a mir hëllefen dir bei der Sich fir e passenden Terrain.

  • Verkeeft JANS och fäerdeg Haiser?

    Jo. Eis aktuell Offer fënns du ënner Immobilien.

  • Wie baut mäin Haus?

    Vum Bau, iwwer d’Toiture bis hin zu der Haustechnik offréiert dir JANS sämtlech Servicer bis zu der Fäerdegstellung vum Haus.

  • Baut JANS och Holzhaiser?

    Jo. All Informatiounen a punkto Holzhaiser fënns du ënner Holzbau.

  • Sanéiert JANS och al Gebaier?

    Jo. All Informatiounen dozou fënns du ënner Renovatioun & Ëmbau.

  • Mécht JANS och Schätzunge fir de Verkaf vun Haiser?

    Jo. All Informatiounen dozou fënns du ënner dem Service Immobilien.

  • Wéi flexibel ass JANS, wann et ëm d’Fixéiere vu Rendez-vouse geet?

    Ob weekends oder no 17.00 Auer - mir probéieren ëmmer, de Wënsch vun eise Clientë gerecht ze ginn. Dat gëllt och fir d’Fixéiere vu Rendez-vousen. Huel einfach Kontakt mat eis op.