Mir sinn vum 24 Dezember bis den 13 Januar am Congé. Mir wënschen iech schéi Feierdeeg an e schéint neit Joer.

JANS groupe

De JANS groupe existéiert schonn zanter méi wéi 25 Joer a gëtt (mëttlerweil) an der zweeter Generatioun geféiert.

JANS constructions

Egal, ob grouss oder kleng, modern oder traditionell – d’Nofro fir Eefamilljenhaiser ass an deene leschte Jore permanent geklommen. De JANS groupe realiséiert Äert individuellt Doheem aus enger Hand. Mir siche gemeinsam mat Iech den idealen Terrain a plangen Äert Wonschhaus – vum Ausbaggere bis d‘Iwwerreechung vun de Schlësselen. Eis Konnschaft leet vill Wäert op déi beschte Qualitéit a vertraut op ee gudde Service um Client. Mat enger klammender Optragszuel huet sech eise Betrib kontinuéierlech vergréissert. Fir eise Clienten een nach bessere Service unzebidden, gouf JANS immobilère gegrënnt.
Méi iwwer JANS constructions

JANS énergies

Mir realiséieren d’Installatioun vu modernen Heizungssystemer a fanne moossgeschneidert Léisunge fir Energieeffizienz, Heizungsanlagen, Buedzëmmer, Ventilatiounssystemer a Klimaanlagen. Mat innovativen, ëmweltfrëndlechen a energiespuerende Léisunge gi sämtlech Objeten – no de Wënsch vun eise Clienten – vun eise Spezialisten equipéiert. Déi technesch Planifikatioun kënnt bei JANS énergies aus enger Hand. Am Joer 2012 gouf eise Portfolio mat der Grënnung vu JANS toitures erweidert.
Méi iwwer JANS énergies

JANS immobilière

Dank eiser zolitter Erfarung, déi zanter 1998 um lëtzebuergeschen Immobiliemarché gesammelt gouf, ass JANS immobilière Äre Partner fir Ären Immobilieprojet. Interesséiert Dir Iech fir ee Projet, fir an een Objet z’investéieren, een ze lounen oder ze verkafen? Mir ginn eis Méi, Är Ufuerderungen z’erfëllen a fir Iech deen idealen Objet ze fannen. Fir deene klammenden energeteschen Oploe gerecht ze ginn, gouf JANS énergies gegrënnt.
Méi iwwer JANS immobilière

JANS toitures

Ee gutt Haus ass virun allem ee perfekt isoléiert Haus. Ee schlechten Daach féiert zu onnéidegem Energieverbrauch, Problemer mat der Ofdichtung an Isoléierung, mécht sech duerch de Wiederëmschwong (Reen, Wand, Schnéi, Frascht) bemierkbar, verursaacht laangfristeg negativ Auswierkunge fir d’Doheem an d’Wuelbefannen. Deemno muss een Daach an engem impeccabelen Zoustand sinn, fir den optimale Schutz d’ganzt Joer iwwer ze garantéieren.
Méi iwwer JANS toitures

1991

Zanter 1991 hu méi wéi 800 Bauhären op eis Qualitéit als Entreprener vertraut.

PROJETEN
  • Éischtklasseg Materialer

    Holz-/Aluminiumfënsteren
  • Héichwäerteg Fassaden

    Eefamilljenhaus zu Mäerzeg
  • Exklusiv Detailer

    Eefamilljenhaus zu Mäerzeg
  • Extravaganten Design

    Individuellt Eefamilljenhaus mat raffinéierten Detailer
  • Zäitlos Eleganz

    Modernt Eefamilljenhaus um Cents
  • Individuell Bausseninstallatiounen

    Trapenhaus mat Stolverkleedung
  • Repräsentativ Industriegebaier

    Peugeot
  • Attraktiv Baussegestaltung

    Individuell Gestaltung vu Schoulhäff
  • Construction bâtiment public, Lycéee du Nord à Wiltz

    Lycée du Nord

    Ëffentlech Gebaier, Lycée zu Woltz
  • Maison clé en Main

    Schlësselfäerdegt Haus

    Modernt, extravagant a schlësselfäerdegt Haus
  • Menuiserie intérieur - Escaliers en bois fixé sur mûr béton vue avec un garde corps en verre

    Minimalistesch Eleganz

    Eefamilljenhaus zu Mäerzeg
  • Oppe Schwämm vun Ëlwen

    Schwämm mat enger 45 Meter laanger Waasserrutsch
  • Air-Dome FLF

    Futtball-Trainingszentrum zu Monnerech
  • Shopping Center Massen

    Exklusive Partner fir den Ëm- an Neibau

Fir eng duerchgängeg héich Qualitéit bei der Projetsëmsetzung ze garantéieren, schaffe beim JANS groupe méi wéi 180 Mataarbechter

Wat eis Clienten iwwer eis soen.

  • Testimonial Avatar
    • D’Kontaktpersoun war ëmmer an direkt disponibel
    • Den Zäitplang gouf agehal
    • Gutt Aarbechtsqualitéit
    Fotoe vun de Projeten
    M.
    Schlüsselfertiges Einfamilienhaus - 2017
  • Testimonial Avatar
    • Kompetent a vertrauenswierdeg: detailléiert Offer mat Präisgarantie
    • Séier Problemléisung no Komplikatioune bei der Expertis op der Plaz
    • Reegelméissegen Informatiounsaustausch
    • Ëmmer disponibel an erreechbar
    • Aarbechter, déi matdenken a Virschléi maachen
    Fotoe vu schlësselfäerdegem Haus
    Y.
    Schlüsselfertiges Einfamilienhaus - 2017
  • Testimonial Avatar
    De Service war perfekt, d’Präisser realistesch an et goufe keng onrealistesch Verspriechunge gemaach. Fotoe vu schlësselfäerdegem Haus
    L.
    Schlüsselfertiges Einfamilienhaus - 2017

Eis Geschäftsclienten

  • GoodYear Logo
  • Shopping Center Massen