De Grondstee gouf vum Claude Jans geluecht, wéi hien den 1. Mee 1991 d’Bau- a Baumaterialentreprise „Constructions Claude Jans“ gegrënnt huet. Mat der Entscheedung, sech selbststänneg ze maachen, huet den deemools 34 Joer jonke Familljepapp eng wichteg Eegenschaft bewisen, déi JANS bis haut präägt: de Courage, fir Verännerungen unzegoen.
„Ech mengen, dat ass eppes, wat eis auszeechent. Mir probéieren, fir eis ëmmer nees an alle Beräicher a Fro ze stellen a besser ze ginn. Mat dëser Astellung hu mir vill Erausfuerderunge gemeeschtert“, seet de Steve Jans, den haitege Gerant vu JANS. Wéi säi Papp de Familljebetrib gegrënnt huet, war de Steve eréischt zwee Joer al an d’Personal konnt een un enger Hand ofzielen.