JANS –
Wou Traditioun
op Innovatioun trëfft.

Since 1991


JANS ass e Familljebetrib mat Traditioun, deen 1991 vum Claude Jans gegrënnt gouf. Zanterhier hu mir iwwer 800 Gebaier realiséiert a gehéieren domat zanter iwwer 30 Joer zum feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Immobiliemaart.

Wéi de Papp, sou och d‘Bouwen

2017 hunn dem Claude seng Bouwen, de Steve an de Marc Jans, d’Geschécker vum Betrib iwwerholl a bauen zanterhier de Betrib zesumme mam techneschen Direkter Philippe an dem Responsabele Commercial Guido weider aus.

Dobäi läit de Fokus virun allem op Kreativitéit an zäitgeméissen Design.


JANS privat Übersicht Treppe

E Label, dat fir Qualitéit steet

Made in Luxembourg

20 10 12 JANS 1108

JANS ass „Made in Luxembourg“ a realiséiert zanter Generatiounen Immobilien aus enger Hand. E faire Loun an eng sozial Verantwortung géigeniwwer de Mataarbechter maache fir eis de Grondstee fir eng gelongen Zesummenaarbecht aus.

En Erfollegsrezept läit an der Kombinatioun aus experimentéierten (vun deenen e puer zanter der Grënnung mat u Bord sinn) a jonke Mataarbechter, déi JANS mat kreativen an innovativen Iddien no vir bréngen.

"D’Theema Famill gëtt an der JANS-Philosophie grouss geschriwwen. Vun den Employéë bis hin zu de Partner an de Clientë spillt dat Tëschemënschlecht eng enorm grouss Roll."

Guido- Kaufmännischer Leiter
JANS Guido
20 10 12 JANS 2963

Eng dynamesch Ekipp

Jonk, kreativ a motivéiert Mataarbechter waarden drop, fir dech an engem Bauprojet z’ënnerstëtzen, ze beroden an ze begleeden.


JANS Lager Mitarbeiter
JANS Baustelle 2
JANS Innenarchitektinnen Showroom

E puer vun hinne si scho méi wéi 20 Joer dobäi, anerer droe mat frëschen Iddien a Kreativitéit hiren Deel bäi. Egal wat s du dir virstells – mir hunn de richtegen Uspriechpartner fir dech.

JANS Baustelle