Bei der Gestaltung vum Eefamilljenhaus stoungen d'Wënsch vun den zukünftege Bewunner vun Ufank un am Mëttelpunkt. Vun der Planung iwwer den Design bis hin zur Realisatioun huet JANS de Projet ganz no de Virstellunge vun der Famill ëmgesat. An d'Famill konnt d'Aarbechten zu all Moment genee suivéieren, well si direkt niewendru gewunnt huet. Hiert neit Doheem ass op där Plaz entstanen, wou virdrun nach eng Garage stoung. Och ëm den Ofrëss vun der Garage huet JANS sech gekëmmert.