Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

JANS Haus Holzbauweise

Holzbau

Holz ass en natierleche Rostoff, dee fir all Goût individuell verschafft ka ginn. E wichtegen Aspekt ass doriwwer eraus, datt Holz sech optimal eegent, wann et ëm Isolatioun geet. Sou hält et am Wanter gemittlech waarm an am Summer angeneem kill.

Donieft ass d’Bauzäit weesentlech méi kuerz, wéi mat traditionelle Baumaterialer.

JANS Mitarbeiter Baustelle Holzbau

Massivholzbau

De Massivholzbau fënnt an de leschte Joren ëmmer méi ee groussen Uklang. D’Grënn dofir sinn einfach: De Massivholzbau ass eng ganz séier an doriwwer eraus och komplett dréche Bauweis, déi et erméiglecht, praktesch direkt kënnen an dat neit Haus eranzeplënneren.

En natierleche Rostoff

Weider Virdeeler vum Holz leie mat sengen optimale bauphysikaleschen Eegenschaften op der Hand: D’Wandelementer sinn diffusiounsoppen, wouduerch keng Dampspärr/-brems noutwendeg gëtt. Donieft suergen dës Elementer fir eng ganz gutt Isolatioun souwéi en natierleche Schutz virun Hëtzt a Schall. Doriwwer eraus kann et duerch seng héich Feierwidderstandszäit am Beräich vum Brandschutz punkten.

20 10 12 JANS 2842
JANS Holzbau innen 2
ANS Case Study Haus Entdecken
Holzbau Treppenhaus
JANS Holzbau Detail
5 Fotoen
Holzbau innen quer

Kreativitéit ouni Grenzen

Déi eenzel Elementer vu Massivholzhaiser ginn am Wierk virgefäerdegt an op der Plaz montéiert. Sou ass et méiglech, fir bannent nëmmen e puer Deeg en Haus opzeriichten a wiederfest ofzedichten. Och der architektonescher Kreativitéit si beim Holzbau banne wéi bausse keng Grenze gesat.