Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Elegant an zäitgeméiss läit de Massivholzbau am Hiwwel vun dësem Grondstéck. D’Trespa-Fassad a schwaarz Polygon-Elementer suerge fir en onverwiesselbaren a kontrasträiche Look bei dësem Haus.
Bei dësem Neibau gouf all Wénkel an Zeen gesat. Déi integréiert Garagëpaart füügt sech praktesch onsiichtbar an d’Fassad an.
Januar 2021
321 m²
Nidderfeelen
3
Studioconcept, Luxembourg
Privat
D’Kichen ass duerch déi aussergewéinlech Kombinatioun aus ausdrocksstaarken donkelgroen Uewerflächen an héichwäertegen Holzelementer e richtegen Highlight vun dësem Objet.
D’Hauskonzeptioun mat grousser Oppenheet bitt och deene Klenge vill Plaz fir ze spillen an ze dreemen.
Duerch groussflächeg Fënsterfronte fält vill Dagesliicht an d’Buedzëmmer – si erméiglechen doriwwer eraus eng formidabel Vue an d’Natur.
Naturtéin a kräfteg gréng Planze kreéieren eng agreabel Wunnatmosphär a maachen d’Buedzëmmer zu enger Oas vun der Entspanung.
Verschidde Faarwen, Formen a Materialer treffen openeen a forméiere sech zu engem eenzegaartege Bild.