Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Kontakt

Mir sinn vum 31.07.2026 bis den 23.08.2026 inclus an der Vakanz. Ab Méindeg, 24.08.2026, stinn mir Iech nees zur Verfügung. An dréngende Noutfäll erreecht Dir eis ënner +352 621 65 28 20. Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis. JANS

JANS Doppelhaus

Individuellen Hausbau

Mir realiséiere Wunnhaiser individuell fir dech an op deng Wënsch zougeschnidden. Dobäi gëss du vum éischte Kontakt bis zu der Remise de clés vun eis begleet, informéiert a beroden.

Och wann s du eng Renovatioun, en Ëmbau oder eng Erweiderung vun dengem bestoende Projet, wéi zum Beisppill en nei ugeluechte Gaart, brauchs, si mir fir dech do.

JANS Privat Außen

Zesumme siche mir op Wonsch och de perfekten Terrain a plangen däin Haus, sou wéi s du dir et virstells. D’Bauzäit läit an der Moyenne tëscht 12 a 15 Méint. An dëser Period steet dir en direkten Uspriechpartner un der Säit, deen d’Ofstëmmung mat de Responsabele vum Chantier iwwerhëlt. Esou kanns du dech entspanen a reegelméisseg iwwer d’Fortschrëtter vum Bau informéiere loossen.


Bad Amaturen Showroom
JANS Baupläne

Individuell Berodung aus enger Hand

Et ass eis eng Freed, fir dir eis verschidden Ekipementsméiglechkeeten a Materialer ze weisen. Ëm d’Planung an all déi technesch Detailer këmmere mir eis dann.

20 10 12 JANS 1720
JANS Treppe
Beratung JANS

Komm laanscht an eise Showroom.


JANS Doppelhaus