Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

En Haus vun de Kulturen

Dëse moderne Jumelé mat sengem exoteschen Interieur zitt sech iwwer insgesamt véier Etagen op enger Fläch vu 475 m2.

Well de Steve a seng Fra d’Géigesätz spannend fannen, war et hire besonnesche Wonsch, en urbaant Haus an enger ruraler Ëmgéigend ze realiséieren.

Direkt virun engem klenge Bëschstéck mat Vue an d’Gréngs.

JANS Steve Marquis Portrait

Iwwersiicht

Finaliséierung

Dezember 2019

Gesamtfläch

475 m² (Doppelhaus)

Standuert

Lintgen, Luxemburg

Etagen

4

Architekt

Thillens & Thillens, Luxembourg

Auftraggeber

Privat

JANS Case Study Steve Marquis 02

Tëscht City an Natur

Well dem Steve säin Jumelé direkt un een Naturschgebitt ugrenzt, huet hien missen eng Loftonduerchlässgkeet - Loftdichtegkeet vun 0.6 opweisen. Den entspriechenden Test gouf mat 0.51/h gepackt.

Mat dem Bësch op där enger an der Stad op där anerer Säit, gouf hei eng Plaz geschaf, déi trotz der roueger Ëmgéigend no um Stadliewe läit.

E konsequente Kontrast

Am Interieur spréngt engem direkt de wonnerschéine Parquet an Industrieoptik an d’A, deem dem Haus eng ganz besonnesch Wäermt gëtt. Ausserdeem gouf mat Siichtbëton geschafft, fir e kille Kontrast zu de waarmen Holztéin hierzestellen.

E konsequente Kontrast

Am Interieur spréngt engem direkt de wonnerschéine Parquet an Industrieoptik an d’A, deem dem Haus eng ganz besonnesch Wäermt gëtt. Ausserdeem gouf mat Siichtbëton geschafft, fir e kille Kontrast zu de waarmen Holztéin hierzestellen.

JANS Case Study Steve Marquis 01
JANS H Aus der Kulturen blk Kitchen vert
JANS Case Study Steve Marquis 07
JANS Case Study Steve Marquis 06
20 10 12 JANS 0254
5 Fotoen

An Eegeregie huet de Steve zesumme mat senger Fra, an am Austausch mat eis, Deelaarbechten duerchgeféiert. Ass et net flott, fir beim Bau vu sengem eegenen Doheem selwer eng Hand mat unzepaken?

"Wéi et sech fir mech erginn huet, mäin Haus mat JANS ze bauen, war et fir mech vun Ufank u selbstverständlech, fir och selwer eng Hand mat unzepaken."

Steve- Hausbesëtzer
JANS Case Study Steve Marquis 13
JANS Case Study Steve Marquis 12

De Steve a seng Fra hunn eng Virlieft fir en exoteschen Interieur, dës gouf inspiréiert duerch hir Reesen duerch de Vietnam, Afrika an Nordamerika

JANS Case Study Steve Marquis 11
JANS Case Study Steve Marquis 09
JANS Case Study Steve Marquis 10

Waarm Holztéin kombinéiert mat vill Schwaarzmatt, maachen dëst Haus zu engem gemittlechen Doheem mat kosmopoliteschem Flair.


20 10 12 JANS 0307
En Haus vun de Kulturen
19 JANS Case Study Rubinrote Residenz
06 JANS Case Study Rubinrote Residenz
01 JANS Case Study Rubinrote Residenz

Zum nächste Projet

En Doheem a rubinrout

Inspiréiere loossen