Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Baussen haart, bannen Dschungel

Bei dësem Bauprojet stoung d’Theema Bëton däitlech am Mëttelpunkt. Esou gutt wéi déi komplett baussecht Fassad ass mat modernem Siichtbëton verschafft.

Mä och vill Maueren am Interieur goufen als Bëton-Fäerdegdeeler geliwwert a verbaut.

JANS Creutz Partners Foyer

Iwwersiicht

Finaliséierung

September 2019

Gesamtfläch

> 3000 m²

Standuert

Beiler, Luxemburg

Etagen

2 + 2 Déifgarage

Architekt

PLAN76, Luxembourg

Auftraggeber

Creutz & Partners

JANS Creutz Partners Außen

En exzeptionellen Entréesberäich

Am Entreesberäich fält de Plaffong als Fäerdegdeel aus Siichtbëton direkt an d’A. Ee Mierkmol vun dësem Objet, dat dëst Design-Bürosgebai besonnesch kraaftvoll wierke léisst.

Welcome to the Jungle

En Challenge fir d’Ëmsetzung vun dësem Projet war et, fir e Gebai an d’Realitéit ëmzesetzen, dat bal komplett aus Bëton besteet an trotzdeem net kill an onbelieft wierkt. Dofir gouf de Banneberäich mat ville Planzen an engem vertikale Gaart vum Patrick Blanc an Zeen gesat.

JANS Case Study Creutz AG 07

Regenerativ Wäermt vun ënnen

Dem Client war et besonnesch wichteg, fir e Gebai vun esou engem Ausmooss, esou nohalteg wéi méiglech ze hëtzen. Dëst gouf duerch eng Buerung ënner der 2. Déifgarage méiglech gemaach, soudatt de ganze Büro mat erneierbarer Energie gehëtzt ka ginn.

JANS Creutz Partners Office
JANS Creutz Partners Grafitti

Bëton: Iwwerall, wou een hikuckt!

Och d’Maueren am Interieur vun dëser massiver Bëtonskonstruktioun goufe a Siichtbëtonqualitéit hiergestallt.

JANS Creutz Partners Office 2
JANS Creutz Partners Blick von draußen
JANS Creutz Partners Office Grafitti

Ma dat ass net alles: D’Sëtzbänken am Atrium ginn Hand an Hand mam Konzept vun dësem Projet a sinn, d’nämmlecht wéi d’Fäerdegdeeler aus dem klenge Bannenhaff, aus Bëton – e Material, dat sech, wéi an dësem Fall och, besonnesch gutt als Ënnergrond fir Graffiti-Konschtwierker eegent.

JANS Creutz Partners Außen hoch

Fotoen vum Serge Brison, Jeroen Verrecht an Dave Bruel fir Creutz & Partners, renomméiert Verméigensverwalter a Lëtzebuerg.

Baussen haart, bannen Dschungel
JANS Case Study Steve Marquis 09
JANS Steve Marquis Portrait
JANS Case Study Steve Marquis 03

Zum nächste Projet

En Haus vun de Kulturen

Inspiréiere loossen