Nieft engem individuellen Haus- a Wunnengsbau, Konstruktiounen an der Industrie, awer och Renovatiounsaarbechten an Ubauten, si mir ëmmer nees fir d’ëffentlech Hand täteg – wat sech fir eis eng spannend Ofwiesslung duerstellt.
Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Ënner de ville Projeten, déi JANS all Joer realiséiert, wëlle mir eng Konstruktioun ervirhiewen. Dës huet eis am leschte Joer virun eng Partie Erausfuerderunge gestallt, awer och besonnesch mat Stolz erfëllt. Et handelt sech ëm de Schoulbau zu Dummeldeng.
Nieft engem individuellen Haus- a Wunnengsbau, Konstruktiounen an der Industrie, awer och Renovatiounsaarbechten an Ubauten, si mir ëmmer nees fir d’ëffentlech Hand täteg – wat sech fir eis eng spannend Ofwiesslung duerstellt.
Kaum en anere Projet steet méi fir Innovatioun an en nohaltegt Baue vu muer, wéi déi nei Schoul zu Dummeldeng. Déi besonnesch Charakteristik: D’Gebai gouf komplett am Holz gebaut a kann nees zeréckgebaut ginn.
„D’Gebai nees kënnen zeréckzebauen, war eng Ufuerderung an der Ausschreiwung“, erkläert de Stefan Dederichs. De Meeschter-Zammermann, deen och fir d’Plange vu Konstruktiounen Expert ass, ass fir eng grouss Unzuel un Holzbauprojete bei JANS zoustänneg. „Aner Entreprisen hätte sech bei dësem Punkt vläicht schwéiergedoen, ma mir konnten dat esou ëmsetzen.“
Och de François Lafontaine, Responsabel Projet a Chef de chantier bei JANS, war ganz wesentlech bei der Ëmsetzung vun dësem Projet bedeelegt. Déi besonnesch Erausfuerderung dobäi: déi extreem knapp Bauzäit vun ënner engem Joer.
„Bannent kierzter Zäit alles ze koordinéieren, Ausféierungspläng, Käschten an Delaien am Bléck ze halen, war wierklech sportlech. Ëmsou méi freet ee sech dann natierlech, wann alles no Plang leeft“, sou de Responsabel Projet.
An de Plang ass opgaangen: de Startschoss fir de Bau war am Oktober 2023. D’Fäerdegstellung konnt dem Delai no virun der Schoulrentrée 2024 erreecht ginn.
D’Schoulgebai, dat op dräi Stäck opgedeelt ass, läit um Bord vun der Stad Lëtzebuerg. Et füügt sech harmonesch a seng Ëmgéigend an, wat bei JANS vu virera bei der Planung berücksichtegt gëtt. All Etage ass duerch eng bestëmmte Faarf markéiert, wat Identitéit an Orientéierung fërdere soll.
D’Konstruktioun ass op Nohaltegkeet ausgeriicht a steet esou beispillhaft fir en innovatiivt Baue vun der Zukunft, wat eis besonnesch wichteg ass. Déi natierlech Materialer, déi an den Asaz koumen, stäerken d’Verbindung tëscht dem Gebai mat senger Ëmgéigend a suerge fir en agreabelt Raumklima. Funktionalitéit a Sécherheet goufen am nämmlechte Mooss an héije Standarden ëmgesat, soudatt en optimaalt Léierëmfeld entstoe konnt. Faarfcodéiert Biedem suergen doriwwer eraus fir Kloerheet an e Gefill vun Zougehéieregkeet fir Schüler a Mataarbechter.
Grouss Fënstere loossen déi eenzel Raim an natierlechem Liicht erschéngen a schafen esou eng waarm Léieratmosphär, déi aluet. D’Bréck tëscht der Funktionalitéit, dem Lien zu der Natur an dem allgemenge gesellschaftlechen Optrag, déi mir an dësem Projet schloe konnten, mécht d‘Schoul zu engem besonneschen Highlight fir JANS, op dat mir mat Stolz kucke kënnen.
Ob dëst schonns alles war? Neen: An noer Zukunft wäerte mir d’Schoul nach mat enger neier Sportshal erweideren.