Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Mir sinn vum 31.07.2026 bis den 23.08.2026 inclus an der Vakanz. Ab Méindeg, 24.08.2026, stinn mir Iech nees zur Verfügung. An dréngende Noutfäll erreecht Dir eis ënner +352 621 65 28 20. Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis. JANS

1 Johan 8
BLOG / 04.08.2026

Virgestallt: De Johan Noirhomme vu JANS énergies plus

Heiansdo féiert een de beruffleche Wee nees dohin zeréck, wou een sech am wuelste fillt. Sou ass et och dem Johan Noirhomme gaangen, dem haitege Responsabele vun der Ekipp vum Entretien an der Reparatioun vu JANS énergies plus.

Schonns 2013 huet seng Karriär an der Entreprise JANS ugefaangen. No zwou anere beruffleche Statiounen ausserhalb ass hien elo nees zeréck – déi Kéier, fir méi Verantwortung am Betrib z’iwwerhuelen. Fir hie steet fest: Éierlechkeet, Professionalitéit an Transparenz si Wäerter, déi JANS ausmaachen.

D’Entretiens- a Reparatiounsabteilung suergt dagdeeglech dofir, datt Heizungs-, Sanitär- a Lëftungsanlagen zouverlässeg funktionéieren. D’Ekipp iwwerhëlt de reegelméissegen Entretien vun Heizungen – egal ob Ueleg, Gas, Holz oder Wäermepompelen – an och vu Solaranlagen, Lëftungssystemer, Reewaassernotzungsanlagen a Waasserfilteren. Kënnt et zu enger Stéierung, ass d’Ekipp ronderëm de Johan Noirhomme séier zur Stell. An dat vun der futtisser Heizung bis hin zu enger Waasserfuite oder engem defekte Siphon: Eis Techniker këmmeren sech rapid an zouverlässeg ëm d’Uleies vun eise Clienten.

JANS Johan Blog 03

Wéi gesäit den Aarbechtsalldag aus?

Zanter sengem Retour leet de Johan d’Abteilung a koordinéiert de kompletten Aarbechtsalldag vun der Ekipp ronderem Entretien a Reparatioun. Hie plangt d’Asätz vu senge Leit, hëlt Ufroe vu Clienten entgéint, organiséiert d’Rendez-vousen, bestellt Ersatzstécker an erstellt Devisen. Eebe just dëse Mix aus Organisatioun, Kontakt mam Client an techneschem Versteesdemech mécht d’Aufgab fir hie besonnesch spannend. „Keen Dag ass wéi deen aneren“, beschreift hie säin Alldag. Genee dës Ofwiesslung motivéiert hien all Dag op en Neits.

Säi perséinleche Parcours beweist, datt JANS villfälteg Méiglechkeete bitt, fir sech berufflech weiderz’entwéckelen a sech perséinlech z’entfalen. No enger Partie Jore bei JANS hat hien sech dozou entscheet, enger neier Erausfuerderung nozegoen. Wéi sech dunn awer gewisen huet, datt Wäerter wéi Éierlechkeet, Professionalitéit an Transparenz net iwwerall esou gelieft gëtt, huet hien sech un déi positiv Erfarunge bei JANS erënnert a kuerzer Hand nees bei eis un d’Dier geklappt. Hie krut och seng Chance, als Responsabele fir Entretiens- a Reparatiounsaarbechten an enger neier Roll méi Verantwortung an der Entreprise z’iwwerhuelen.

3 Johan 7

Vertraue steet op Plaz eent

Besonnesch Spaass mécht him haut d’Organisatioun vun der Ekipp an d’Zesummenaarbecht mat sengen Aarbechtskolleegen. Gemeinsam Léisungen ze fannen, Rendez-vousen ze koordinéieren an dofir ze suergen, datt d’Clientë séier Hëllef kréien, ass fir hien de schéinsten Deel vun der Aarbecht. Datt him dobäi Vertrauen entgéintbruecht gëtt, confirméiert hien zousätzlech a senger Entscheedungen, en Deel vu JANS ze sinn.

Seng Geschicht weist, datt e gudden Employeur méi wéi just eng Aarbechtsplaz ass. Fir de Johan Noirhomme sinn et déi gemeinsam Wäerter, de respektvollen Ëmgang an d’Méiglechkeet, sech weiderz’entwéckelen, déi den Ënnerscheed maachen. „Éierlech, professionell, transparent – JANS ass e Betrib, deem seng Wäerter bei mech passen“, erkläert hien. Mat senger Experienz – souwuel als Techniker wéi och haut als Responsabelen a senger Funktioun – dréit hien dozou bäi, datt d’Ekipp vum Entretien an der Reparatioun all Dag zouverlässeg fir d’Clientë vu JANS do ass.