Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

1 2026 Jans 042716270000947 ML ML
BLOG / 24.06.2026

Hotel um Hopfensee: En neit Kapitel mat Vue op de Séi

Verschidde Projete si méi wéi just e Schantjen. Si sinn eng Visioun, déi Schrëtt fir Schrëtt Realitéit gëtt. 

Fir JANS war déi ëmfaassend Erweiderung an Neigestaltung vum Hotel um Hopfensee am Allgäu genee esou e Projet.

Direkt laanscht d‘Ufer vum wonnerschéinen Hopfensee gehéiert den Hotel zanter Joren zu de beléiftsten Adressen am Allgäu. Zesumme mam Bauhär ass d'Iddi entstanen, d‘Gebai net nëmmen ze vergréisseren, mä et fir d'Zukunft konsequent weiderz‘entwéckelen – architektonesch, technesch a virun allem emotional.

2 Jans25 112716015102018 ML ML2

D'Resultat ass wäit méi wéi just eng Opstockung. All d'Zëmmeren, déi scho virdrun existéiert hunn, goufe komplett moderniséiert a kruten en neit, extra entwéckelt Interieurskonzept. Grouss Fënsterfläche réckelen den eigentleche Star vum Haus nach méi staark an de Mëttelpunkt: den Hopfensee. Intern schwätze mir scho virun dësem Hannergrond vun der „Entrée zum Séi“ – well haut profitéiere bal all Zëmmere vun enger onvergläichlecher Vue op d'Waasser an de Panorama vun de Bierger.

Parallel dozou sinn zwee nei Stäck an héichwäerteger Holzbauweis entstanen. Do erwaarden d'Gäscht véier exklusiv Chalet-Suiten, déi alpine Charme mat modernem Luxus verbannen. Vast Daachterrassen, privat Poolen an eege Saunae schafe Réckzuchsplazen, déi den Openthalt zu engem ganz besonneschen Erliefnis maachen. 

Och d'Beräicher, déi d'Gäscht gemeinsam notze kënnen, goufe konsequent weiderentwéckelt. De Wellnessberäich presentéiert sech haut an engem komplett neien Design a bitt de Gäscht eng nach méi héichwäerteg Ambiance fir ze entspanen. Mat dem neie Panorama-Fitnessstudio gouf zousätzlech eng Offer geschaf, déi et virdrun net gouf: Training mat fräiem Bléck op de Séi an op d'Bierglandschaft ronderëm.

3 2026 Jans 042311564000631 ML ML

Als verantwortleche Partner fir e groussen Deel vun de baulechen an gestalteresche Moossname war JANS decisiv un der Entwécklung an der Ëmsetzung vum Projet bedeelegt. 

An enger enger Zesummenaarbecht mam Bauhär si vill Léisungen entstanen, déi haut de Charakter vum Hotel prägen – vun der Opstockung an Holzbauweis iwwer d'Gestaltung vun der Fassad bis hin zu wesentlechen Elementer vum Bannenausbau a vun der Innenarchitektur.

D'Kombinatioun aus eleganter Alucobond-Fassad, héichwäerteger Rhombus-Holzfassad, modernem Stehfalz-Blechdaach esouwéi filigrane gliese Gelänner mat Streckmetall gëtt dem Hotel haut eng zäitlos a gläichzäiteg onverkennbar Identitéit. 

Besonnesch ervirzehiewen: Trotz dem enorme Volume un Aarbechten – vun der Sanéierung vum Bestand iwwer déi komplett Neigestaltung vum Interieur bis hin zur Opstockung an Holzbauweis – gouf de Projet bannent just fënnef an engem hallwe Mount realiséiert.

4 2026 Jans 042218044100588 ML ML5

Fir de Steve Jans ass de Projet ee vun deen aussergewéinlechsten aus de leschte Joren: 

„Besonnesch houfreg mécht mech, datt mir dëse Projet zesumme mam Client entwéckele konnten. Vill Iddie sinn am direkten Austausch entstanen. D'Resultat weist, wat méiglech ass, wa Vertrauen, handwierklech Kompetenz an eng gemeinsam Visioun zesummekommen.“

Haut presentéiert sech den Hotel um Hopfensee an engem neie Glanz – technesch um neitste Stand, architektonesch konsequent weiderentwéckelt a bereet fir d'Zukunft. E Standuert, wou d‘Proximitéit zum Séi an d'Schéinheet vun der Allgäuer Biergwelt an all Detail spierbar ginn.