Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

1 2026 04 23 Steinsel 77 Rue Basse 7
BLOG / 12.05.2026

De perfekte Mix: Seventyseven am Bléckpunkt

All Bauprojet ass op seng Aart eenzegaarteg an all Objet huet och dacks seng speziell Eegenschaft, déi e besonnesch mécht. Seventyseven ass nach anescht: Bei dësem exklusive Wunnprojet virun den Diere vun der Stad Lëtzebuerg mécht virun allem d’Mëschung den Ënnerscheed.

2 2026 04 23 Steinsel 77 Rue Basse 10

D’Zuel 7 ass hei Programm: Op dräi Stäck vereent Seventyseven am Ganze siwe Wunnengen. All eenzel huet hir eege Virzich. An Zesummenaarbecht mat der Ekipp vun Architecture + Aménagement S.A. ass Wunnraum entstanen, bei deem d’Wuelbefanne kloer am Mëttelpunkt steet.

Op den zweete Bléck vereent: Zwou Residencen zu Steesel

Eng vun de ville Besonneschkeeten ass ouni Zweiwel d’Kombinatioun mam Nopeschgebai Seventynine. Béid Haiser hunn zwar hir eege separat Entrée, si sinn awer trotzdeem matenee verbonnen – an zwar duerch e gemeinsame Rez-de-chausée, an deem ënner anerem privat Kelleren, Garageplazen a Vëlosraim ënnerbruecht sinn.

3 2026 04 23 Steinsel 77 Rue Basse 51

D’Appartementer selwer ënnerscheeden sech a Schnëtt a Gréisst. Dräi-Zëmmer-Wunnenge gehéiere genee esou zum Inventar vun dësem Gebai wéi Een- an Zwee-Zëmmer-Appartementer. Dobäi ass kloer: Egal ëm wat fir e Beräich et sech handelt – déi héich Qualitéit, fir déi JANS steet, stoung beim Bau vun dësem Objet ëmmer un éischter Plaz.

Nohalteg geplangt

D’Raffiness zitt sech duerch de ganze Bauprojet – bis bei d’Energieversuergung. „Mir hu Wäermepompel-Kaskaden an all Gebaiblock installéiert“, erkläert de François Lafontaine vu JANS. 

„Eng weider Besonneschkeet ass d’Isolatioun vun der Fassad mat spezieller Finitioun an eraustoende Fënsteren “, mierkt hien nach un. Moossname wéi dës hunn dozou bäigedroen, datt déi beschtméiglech Energieklass AAA erreecht gouf.

4 2026 04 23 Steinsel 77 Rue Basse 1

Dat Bescht kënnt zum Schluss: Déi roueg an awer zentral Lag vum Gebai. Seventyseven a Seventynine leien nämlech am Häerz vu Lëtzebuerg a gläichzäiteg virun den Diere vun der Haaptstad. D’Stad ass mam ëffentlechen Transport vu Steesel aus a kuerzer Zäit z‘erreechen.