Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

1 2025 07 15 BRAIN JANS Calmus PK46883
BLOG / 20.11.2025

Gîte am Gréngen – e besonnesche Projet lackelt Virwëtzeger op Kaalmes

Léift fir den Detail, héchst Handwierkskonscht a Prezisioun an individuell Upassung u Bedierfnesser – dës Wäerter gëlle fir all Projet, dee JANS ugeet, egal ob grouss oder kleng, privat oder ëffentlech, am Nopeschduerf oder iwwer d’Landesgrenzen eraus.

D’Aarbecht fir d’ëffentlech Hand ass doriwwer eraus ëmmer eppes Extraes: Dëse Projet bitt e Raum fir d’Renconter, steet (an de meeschte Fäll) op fir jiddereen an heiansdo esouguer am Rampenlicht.

Zougänglech fir jiddereen

Zoutreffend ass dat fir eise Projet „Gîte Calmus“. Dëst Gebai mat spezieller Funktioun gouf an Ofstëmmung mat der Gemeng Sëll mat Léift restauréiert a vu JANS mat neiem Liewen opbereet. Ursprénglech eng Schoul, duerno dann als Jugendherberg benotzt, gouf d’Haus lo an en Touristenënnerdaach am Grénge mat eenzegaartegem Charakter ëmgewandelt.

Dat Besonnescht: D’Spuere vun der Vergaangenheet goufen erhalen an an déi nei Struktur integréiert.

2025 07 15 BRAIN JANS Calmus PK46620

Am Rampenlicht

Fir déi offiziell Inauguratioun am Juni 2025 hunn de Gérard Zoller, Buergermeeschter vu Sëll, esouwéi de Kulturminister Eric Thill eng Ried gehalen. Vill Leit aus der Géigend wollte sech dëst zu Kaalmes net entgoe loossen a sinn dofir dohi komm, fir den Evenement ze suivéieren. De groussen Interessi um Projet freet eis a mécht d’Ekipp vu JANS houfreg, fir esou e wichtege Bäitrag fir d’Gemeng geleescht ze hunn.

Een aus där Ekipp ass de François Lafontaine, deen zanter 2021 Deel vu JANS ass an dëse Projet iwwer knapp zwee Joer Bauzäit geréiert huet. „Dat Besonnescht fir mech ass wierklech d’Geschicht vun dësem Haus a wéi et am Verlaf vun de leschte Joren an den Asaz komm ass. Dësen urspréngleche Charakter bäizehalen an en an eng nei, modern Struktur z’integréieren, war keng einfach Aufgab“, erkläert de François Lafontaine. An all dëst ënner dem Gesiichtspunkt vum Anhale vun aktuellen Normen, Standarden an aneren Ufuerderungen. 

2025 07 15 BRAIN JANS Calmus PK35266

Al an Nei

Esouwuel dobannen ewéi och dobaussen hu misste grouss Deeler vun den originale Gemaier ofgedroe ginn. En Deel vum Fundament gouf vu JANS nei opgebaut, grad sou wéi och d’Deeler vum Daach. Trotz der Komplettsanéierung war et déi héchste Prioritéit, déi bestoend wichteg Gemaier z’erhalen an harmonesch an den neie Gesamtkomplex afléissen ze loossen.

D’Entrée gouf erhalen, d’Plaffongen an d’Biedem frëschgemaach a sanéiert. Datt de Mix tëscht Al an Nei zum Schluss esou gelongen ass an hie mat senger Aarbecht dem Gebai neit Liewen afléisse gelooss huet, freet de Responsabele vum Projet, de Françoise Lafontaine, immens vill.

2025 07 15 BRAIN JANS Calmus PK46830 Modifier

Dramzil fir Outdoor-Begeeschterter

Am neie Gîte kënnen d’Bewunner vu fënnef Zëmmere profitéieren, déi mat Léift fir den Detail konzipéiert goufen; insgesamt kënnen hei bequeem zéng Persounen am Gebai Plaz fannen. Ob Famillen, Frënn, Elengreesender oder fir Ausflich an enger Ekipp – de Gîte riicht sech un e breede Public.

Besonnesch déi onverbaute Vue an d’Gréngs mécht de Charme vun dësem Gîte aus. Eng Hellewull u Wanderweeër a Vëlospisten direkt virun der Dier lackele Beweegungs-Begeeschterter un. Mat enger eegener Sauna, Vëlosgarage a Reparaturstatioun an dräi Terrasse weess d’Lodge mat vill Confort z‘iwwerzeegen, dee sech sou muncher ee fir säin eegent Doheem wënscht.