Erfarung am Gepäck
Den Didier Lejeune koum am August 2012 bei JANS. Bis zu dësem Zäitpunkt huet de geléierten Techniker schonns e puer Joer an enger grousser Baufirma als Direkter vun der Heizungsdepartement geschafft – e Beräich, deen hien och bei JANS iwwer eng länger Zäit geleet huet. De Wiessel op Eschweiler huet fir den Didier awer och ganz nei Aufgaben an Erausfuerderunge mat sech bruecht. Wéi de Grënner vu JANS, de Claude Jans, du gefrot huet, ob den Didier sech am Beräich vu JANS Immobilière abrénge wéilt, huet de Belsch net laang gezéckt an zougesot.
„Et ass natierlech flott, wann engem esou vill Vertrauen entgéintbruecht gëtt“, sou den Didier, deen dagdeeglech fir säin Job aus Burg-Reuland bei den Noper op Lëtzebuerg schaffe kënnt. Kuerzer Hand huet de Belsch du säin Diplom als Immobilien-Expert ofgeschloss – iwwer e Joer laang huet hien dofir, nieft der regulärer Schaffzäit, eng Owesschoul besicht. „Et ass wichteg, sech ëmmer weiderzebilden a beim Thema Immobilien och gesetzlech Bescheed ze wëssen, wat ee kann, dierf a muss.“