Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

2025 03 12 JANS Sabrina Buegler 02
BLOG / 08.01.2025

Psychologie a PV-Anlagen

Wéi gesäit den Alldag vun enger Technescher Sekretärin aus? D’Sabrina Bügler gëtt en Abléck an hir Aarbecht bei JANS.

“Wann ech owes vun der Aarbecht kommen, dann hunn ech e geneeë Plang, wat den nächsten Dag usteet.” E Plang an eng Struktur ze hunn, ass am Job vum Sabrina Bügler den A an den O. D’Lëtzebuergerin schafft als Technesch Sekretärin bei JANS. D’Lëscht vun hiren Aufgaben ass laang, all Dag anescht a villes kënnt spontan dobäi.

Dobäi spréngt d’Sabrina Bügler allzäit do an, wou Nout um Mann ass. “Wa well een op mech duerkënnt, da brauch d’Persoun Hëllef – an ech hëllefe gär mat mengem Wëssen.” E Groussdeel vu Sujeten, dee bei si op den Dësch kënnt, ass delikat – virun allem, wann et ëm detailléiert Ufroe fir Subventioune fir Photovoltaikanlage geet.

Pabeierbierger & Photovoltaik-Boom

E Subventiounsprogramm vum Lëtzebuerger Staat erméiglecht et den Hausbesëtzer, e Groussdeel vun de Käschte fir eng PV-Anlag rembourséiert ze kréien. Virausgesat, d’Paperasse stëmmen. “De ganzen Oflaf ass scho komplizéiert, do muss alles passen. Wann iergendee Feeler dran ass, kommen d’Pabeiere komplett zeréck an alles geet vu vir un.”

Rechnungen, wichteg Donnéeën, genee Angaben iwwer Modell, Wäerter a Leeschtung vun der Anlag: D’Sabrina Bügler steet de Clientë mat Rot an Dot un der Säit. Dacks geet et dobäi och ëm vertraulech Donnéeën. An enger Zäit, wou et vill Bedruch a Fälschunge ginn, ass de perséinlechen Drot an d’Vertrauen ëmsou méi wichteg. “Wann d’Clienten eng Bestätegung kréien, datt ech d’Baugeneemegung ugefrot hunn, da wësse si, datt alles seng Richtegkeet huet an ech meng Aarbecht gemaach hunn”, féiert si weider aus.

De komplette Prozess, vun der Baugeneemegung iwwer d’Bestätegung vum Optrag bis hin zum Montage vun enger PV-Anlag, ass laang a bürokratesch. “Et gi vill Kontrakter z’ënnerschreiwen, déi deelweis 30 bis 36 Säite laang sinn. Déi sinn dacks schwéier ze verstoen.” Mä de Run op d’Anlagen ass grouss – ongeféier dräi fäerdeg Projete gi pro Woch vun hir geréiert. Dobäikommen nach 100 Anlagen, déi op hire Montag waarden. “Mir si wäit am Viraus mat de PV-Anlagen ausgebucht”, sou déi 44-järeg JANS-Mataarbechterin, déi well als Gestionnaire an engem Grousshandel geschafft huet.

2025 03 12 JANS Sabrina Buegler 01

Mat Häerz bei der Saach

De Beräich Materialer a Livraisoune war also net nei fir si – anescht awer d’Theema Excel. “Vun Excel hat ech keng Anung”, gëtt d’Sabrina Bügler zou. “Dat hunn ech hei op der Plaz geléiert a mat den Tipps, déi mir meng Kolleegin ginn huet, ginn ech lo gutt eens. Ech léiere gär, soudatt ech d’Saach selwer an de Grapp huele kann”, sou déi zweefach Mamm, déi ursprénglech Psychologie studéiert huet.

De ville Kontakt mat Clienten a Mataarbechter an hirem aktuellen Job gefält hir gutt an ass fir si och eng Zort “psychologesch Aarbecht”. Allzäit geet et drëm ze hëllefen, ze ënnerstëtzen, Uspriechpartnerin ze sinn. “Ech sinn hei e bësse wéi eng Mamm fir jiddereen”, laacht si. “Wann e Mataarbechter op e Schantje muss, awer keng Adress huet. Oder wa mäi Chef urifft a seet: ,Bestell mir wgl. eng Hebebün!’ Dat sinn alles wichteg Saachen an da muss ech kucken, wat ech maache kann.” Dobäi geet et fir si och ëmmer dorëms, op wat fir eng Manéier ee mat de Leit schwätzt. “Wat ech maachen: Ech froe léif no an hoffen op eng léif Äntwert. Just esou geet et. Ech maache meng Aarbecht hei gär, ech maache se mat Häerz.”

Polyvalent, spontan, méisproocheg

Nieft der Betreiung vu Clienten, Techniker an Aarbechter iwwerhëlt d’Sabrina Bügler d’Fleeg vun Datebanken, d’Klasséieren, d’Offerbetreiung, d’Bestellungen, d’technesch Dokumentatioun an d’Gerance vu Cahier-des-chargen am Kader vun ëffentlechen Ausschreiwungen. Och Reunioune stinn un der Dagesuerdnung, wann et beispillsweis drëms geet, d’Mataarbechter ze koordinéieren.

En typeschen Aarbechtsalldag gëtt et esou net. “Zimmlech vill leeft spontan an ech kucken ëmmer, wat fir eng Aufgabe mäi Chef fir mech huet. D’Ambiance an d’Aarbechtsklima hei si super, dat gefält mir richteg gutt”, sou nach d’Duechter vun engem Däitschen an enger Lëtzebuergerin.