Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

2025 09 09 Jans Slow Motion Thumbnail
BLOG / 13.10.2025

Bau däin Doheem – an zwou Stonnen zu dengem perséinlechen Haus

Bastelen, tüftelen a plange sinn dräi wichteg Komponenten, wann et ëm de Bau vun engem Haus geet. Meeschtens fänkt d’Begeeschterung dofir schonns am Kannerzëmmer un. Déi grouss Maschinnen – ob echter oder a Miniaturform – suergen dacks scho bei de Klengste fir grouss Aen.

Datt et tatsächlech esou munch Parallellen tëscht engem Bauset an dem richtege Schantje gëtt, dat huet d’Zesummenaarbecht mam Patrick Laschette gewisen. De Lëtzebuerger entwéckelt a realiséiert individualiséiert Setten aus Klemmbausteng – esou och fir JANS.

JANS-Miniaturhaus

Mat voller Stolz huet de Gerant Steve Jans de Set vu sengen eegene véier Wänn schonns nogebaut. Ausserdeem suergen d’Setten an esou munch (Kanner-)zëmmer vun eise Clientë fir e richtegen opteschen Highlight. Iwwer e QR-Code kann d’Bauanleitung nogekuckt ginn. Ongeféier zwou Stonne soll ee als Bauzäit vum Set mat 702 eenzele Stécker arechnen. D’Altersrecommandatioun: vun 8 Joer un oder awer fir déi scho méi grouss Kleng ënner eis.

Ee vun hinnen ass den Erfinder, de Patrick Laschette. U Saache knéchelen, mécht hien nawell gären nieft senge reguläre Schaffzäiten – aus Freed a Leidenschaft um Bauen an Handwierken. Déi individuellst Clientswënsch probéiert hien, a Klemmbauform ze realiséieren. Ma wéi beim richtege Bau och ass dat guer net sou einfach. Wat besonnesch um JANS-Set ass? De Bagger! „Eng Erausfuerderung waren hei déi flexibel Schläich, déi vum Baggeraarm gedroe musse ginn. Ursprénglech war de Baggeraarm ze schwéier an ass no vir gekippt. Bei esou Probleemer muss ech dann eeben eng Léisung fannen – dat ass den Challenge a mécht wierklech vill Spaass“, erkläert de Patrick Laschette.

Am Klengen an am Groussen

Wat als Entworf funktionéiert, muss sech och a Realitéit beweise kënnen. Dovu ka JANS e Liddche sangen. Wat nämlech op de klenge Bauset zoutrëfft, ass och am grousse Moossstaf relevant. JANS ass glécklech, dank sengem staarken Team a senger grousser Experienz am Bau, och méi extra a speziell Clientswënsch ëmsetzen ze kënnen.

„De Set gëtt op villsäiteg Manéier dat erëm, woufir JANS steet. An et mécht einfach Spaass, fir et zesummenzebauen an déi eenzel Detailer ze gesinn!“ – freet sech de Gerant Steve Jans.

Mat Engagement hin zu Perfektioun

Ongeféier sechs Méint dauert d’Entwécklung vum JANS-Bauset – vum éischte gemeinsame Gespréich iwwer den éischten Digital-Entworf bis hin zum Prototyp a schliisslech der finaler Versioun. Och hei ënnerscheet sech den Oflaf net all ze vill vum richtege Baualldag. Et brauch vill Zäit, Engagement, Experienz a Kompetenz, fir individuell Bauprojeten an héijer Qualitéit ëmzesetzen. Fir JANS wéi och fir de Patrick Laschette bitt all Projet nei Entwécklungsméiglechkeeten.

„D’Zesummenaarbecht mat JANS war wierklech duerch d’Bänk flott! Och wann et e grousse Betrib ass, leeft ëmmer alles frëndlech an ni anonym of. Et ass e Familljebetrib, wéi ee sech e virstellt“, sou de Patrick Laschette iwwer de gemeinsame Wee bei d’JANS-Minihaus.

Wie lo selwer bastele wëll, kann de JANS-Bauset direkt beim Erfinder am Webshop vu LUXBRIX SARLS-S bestellen.

E flotten Abléck an de Bauset gëtt et iwwerdeems hei: