Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Rustikale Charme

Dëst traditionellt Bauerenhaus presentéiert sech no senger Renovatioun am neie Glanz. Et zeechent sech duerch säi rustikalen an eenzegaartege Charakter aus an erzielt eng laangjäreg Geschicht vun engem Aarbechterhaus. Ursprénglech gouf et aus traditionellen an natierleche Materialer gebaut, déi lo mat zäitgeméissen Akzenter ergänzt goufen.

Zu dësem Objet gehéiert net just d’Haus selwer, mä och eng hauseege Brennerei / Distillerie esouwéi eng komfortabel Vakanzewunneng fir Gäscht.

23 JANS Case Study Rustikaler Charme

Iwwersiicht

Standuert

Eschweiler, Luxembourg

Architekt

Thillens & Thillens

Auftraggeber

Privat

JANS Case Study Rustikaler Charme 06
JANS Case Study Rustikaler Charme 03

Charmante Landhausstil

Traditionell Miwwel, wéi eng klassesch Buedbidden an en anticke Kamäinsuewen, goufen duerchduecht an de Raim placéiert. Si ënnersträichen net just déi historesch Bedeitung mam néidege Respekt, mä kreéieren e Point de repère, deen dëse besonnesche Charme vun dësem Objet an der Vierdergrond stellt.

JANS Case Study Rustikaler Charme 07
JANS Case Study Rustikaler Charme 17
JANS Case Study Rustikaler Charme 05

Konschtvoll Akzenter

Duerch e Feier sinn Deeler vun der Struktur vum Gebai zerstéiert ginn – dorënner och de Plaffong mat den Dunnen. D’Plaffonge goufen – no um Original – bei der Renovatiounsaarbechten nogebaut. Déi nei Dunnen integréieren sech spilles an de rustikalen Ambiente vum Haus. Konschtwierker aus Lëtzebuerg goufe mat Souvenire vu verschiddene Reese mat Léift kombinéiert a suergen an dësem Doheem fir eng ganz perséinlech Nout.

JANS Case Study Rustikaler Charme 08
JANS Case Study Rustikaler Charme 14

Nostalgie a Genoss an der aler Scheier

Déi fréier Scheier, an där eng hauseege Brennerei ageriicht ginn ass, bitt Plaz, fir mat de Gäscht verschidden Degustatiounen duerchzeféieren. Den authentesche Stengebuedem ronnt dës stëmmungsvoll Ambiance of.

"Bei den Ëmbauaarbechte war et eis besonnesch wichteg, datt natierlech Materialer wéi Leem an Holz verschafft ginn, fir esou den urspréngleche Charme vum Haus oprechtzëerhalen."

Hausbesëtzer

Zesummespill vu Materialer

De Botz aus Leem suergt dofir, datt sech d’Raimlechkeeten an enger agreabeler Wäermt presentéieren. Och Holz spillt am gesamten Haus eng Schlësselroll a schaaft eng harmonesch Verbindung tëscht Natur an Interieur.

Zesummespill vu Materialer

De Botz aus Leem suergt dofir, datt sech d’Raimlechkeeten an enger agreabeler Wäermt presentéieren. Och Holz spillt am gesamten Haus eng Schlësselroll a schaaft eng harmonesch Verbindung tëscht Natur an Interieur.

JANS Case Study Rustikaler Charme 22
JANS Case Study Rustikaler Charme 12
JANS Case Study Rustikaler Charme 13
JANS Case Study Rustikaler Charme 10
JANS Case Study Rustikaler Charme 23
5 Fotoen
Rustikale Charme
13 JANS Case Study Modern Vintage
27 JANS Case Study Modern Vintage
05 JANS Case Study Modern Vintage

Zum nächste Projet

Moderner a vintage

Inspiréiere loossen