Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Gewosst wéi: Eng modern Ariichtung gëtt mat vintage Elementer kombinéiert. Vill verschidden Ariichtungsstécker ginn dësem Doheem seng perséinlech Nout an e besonnesche Stil. Den Highlight sinn déi groussraimeg Wunnkichen an eng Trap, déi ze schwiewe schéngt.
Den Design vun aussergewéinlechen Trapen ass eng grouss Passioun bei JANS. Duerch d’Kombinatioun vu Siichtbëton- a Glaselementer bis ënner de Plaffong souwéi Holzträppleke gëtt dës Trap op perfekt Manéier an Zeen gesat.
Juni 2022
324 m²
Luxembourg
3
Privat
Eng oppe Bibliothéik erlaabt eng fräi Vue op eenzegaarteg Dekoratiounselementer. All eenzel Stéck erzielt seng eege Geschicht, wéi zum Beispill e bal honnert Joer alen Téizerwiss a Vasen aus Familljebesëtz.
D’Kombinatioun aus monochromen, däischtere Faarftéin, Elementer aus Metall a vill Glas ass e gelongent Zesummespill. Am ganzen Haus goufen d’Detailer an d’Armaturen donieft a schwaarz gehalen.