Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Léif fir den Detail

En Haus mat modernem a klorem Design, dat duerch eng Innenarchitektur mat lauter individuellen Detailer an natierleche Materialer begeeschtert. Duerch grouss Glaselementer schéngen d’eenzel Raim am Interieur quasi mat der Natur mat senge Wisen a Bëscher ronderëm verbonnen.

JANS Case Study Liebe zum Detail 01

Iwwersiicht

Finaliséierung

Mäerz 2021

Gesamtfläch

485 m²

Standuert

Lëtzebuerg

Etagen

3

Architekt

JO LORANG

Auftraggeber

Privat

JANS Case Study Liebe zum Detail 19

Architektoneschen Highlight

Funktionalitéit an Design begéine sech am Trapenhaus. D’Kombinatioun aus Holz a Glaselementer ass en integrale Bestanddeel vun der Bannenariichtung vum Haus. D’Glaswänn ginn en eemolege Bléck op de „Loft-aartegen“ Wunnberäich. Donieft verbanne si d’ënnerschiddlech Etagen optesch mateneen.

Ganz schéi gemittlech

D’Kiche weess mat senger wunnlech waarmer Atmosphär ze iwwerzeegen a bilt mam oppene Wunnberäich eng groussraimeg Eenheet. E filigraant Musterdetail zitt sech iwwerdeems duerch d’Eechenelementer a léisst sech och an der eleganter Keramiksplack erëmfannen.

Ganz schéi gemittlech

D’Kiche weess mat senger wunnlech waarmer Atmosphär ze iwwerzeegen a bilt mam oppene Wunnberäich eng groussraimeg Eenheet. E filigraant Musterdetail zitt sech iwwerdeems duerch d’Eechenelementer a léisst sech och an der eleganter Keramiksplack erëmfannen.

JANS Case Study Liebe zum Detail 03
JANS Case Study Liebe zum Detail 10
JANS Case Study Liebe zum Detail 05
JANS Case Study Liebe zum Detail 23
4 Fotoen

"Mir hunn d’Haus fir e puer Generatioune gebaut. Dofir louch d’Benotze vun natierleche Materialer wéi Massivholz an eisem Fokus."

Hausbesëtzer
JANS Case Study Liebe zum Detail 12
JANS Case Study Liebe zum Detail 07

En Doheem fir d’ganz Famill

De modernen, trotzdeem waarmen Design vun dësem Haus erfëllt, zesumme mat de villen Elementer mat Léift fir den Detail, en Dram fir all Famill.

JANS Case Study Liebe zum Detail 20
JANS Case Study Liebe zum Detail 21
JANS Case Study Liebe zum Detail 08

Trotz der éischter oppener Architektur ginn et vill Méiglechkeete fir d’Memberen aus dem Stot, sech fir méi roueg Momenter zeréckzezéien. Hei ka sech jidderee fräi entfalen.

JANS Case Study Liebe zum Detail 22

Fernëstleche Flair

D‘orientalesch Plättercher sinn e richtegen Eyecatcher a suerge fir e stilvolle Vintage-Charme. A Kombinatioun mat modernen an natierlechen Detailer füügt sech och de spezielle Look vum Buedzëmmer stëmmungsvoll an d’gesamt Ariichtung vum Haus an.

Fernëstleche Flair

D‘orientalesch Plättercher sinn e richtegen Eyecatcher a suerge fir e stilvolle Vintage-Charme. A Kombinatioun mat modernen an natierlechen Detailer füügt sech och de spezielle Look vum Buedzëmmer stëmmungsvoll an d’gesamt Ariichtung vum Haus an.

JANS Case Study Liebe zum Detail 14
JANS Case Study Liebe zum Detail 16
JANS Case Study Liebe zum Detail 15
3 Fotoen

Schräineraarbechte fir d’Kichen, de Parquet, den Iessdësch an d‘ënnerschiddlech Buedzëmmermiwwele souwéi d’Installatioun vun de Glaswänn goufen an Zesummenaarbecht mat der Firma Menuiserie Dohm vun Housen erleedegt.

Léif fir den Detail
JANS Case Study Spotlight 13
JANS Case Study Spotlight 02
JANS Case Study Spotlight 09

Zum nächste Projet

Am Spotlight

Inspiréiere loossen