Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

D’Haus vun den zwee Gesiichter

D’Iddi fir dëse progressiven Ubau ass aus dem ablécklechen Zäitgeescht eraus entstanen, fir en oppene Wunnberäich mat engem traditionellen Albau ze verknäppen. Déi grouss Fënstere vermëttelen heibäi d’Gefill vum iwwerdimensionale Wunnraum, deen iwwer d’Fassad erausgeet.

Sou gëtt eng eenzegaarteg Vue an de Gaart an op den Hang vis-à-vis kreéiert.

JANS privat Treppenhaus

Iwwersiicht

Finaliséierung

August 2020

Gesamtfläch

160 m² (Ubau)

Standuert

Rambrouch, Luxemburg

Etagen

2

Architekt

ARCO, Luxembourg

Auftraggeber

Privat

20 10 12 JANS 0678 Hi Res Fertig final

Aus zwee gëtt eent

Wann een d‘Wiel tëscht zwou Saachen huet, firwat sech net einfach fir béides entscheeden? Genee dëst huet sech och eise Client geduecht, wéi hien eis gebieden huet, e modernen Designer-Ubau hannert säin aalt Bauerenhaus ze setzen.

Dobäi louch de Fokus beim Baue ganz kloer dorop, fir déi zwee Gesiichter vum Haus harmonesch mateneen ze verbannen. Also gouf déi fréier Baussemauer an den neie Wunnraum integréiert a suergt elo fir en harmoneschen Iwwergang vun Al op Nei.

Dobäi louch de Fokus beim Baue ganz kloer dorop, fir déi zwee Gesiichter vum Haus harmonesch mateneen ze verbannen. Also gouf déi fréier Baussemauer an den neie Wunnraum integréiert a suergt elo fir en harmoneschen Iwwergang vun Al op Nei.

20 10 12 JANS 0783
20 10 12 JANS 1028
JANS Case Study Private Case 01 07
20 10 12 JANS 0646
4 Fotoen
JANS privat Küche hoch
JANS privat Bad View

Aalt Holz kënnt nei an den Asaz

Al an Nei goufen dann och am Interieur matenee kombinéiert. Dat méi aalt Holz koum fir verschidden Elementer duerch dat ganzt Haus als Baumaterial an den Asaz.

JANS privat Bad
JANS Boden Detail
JANS privat Kunst

Donieft sinn d’Biedem aus belschem Pierre bleu, deen dem Haus mat sengem markante Blogro-Toun eng besonnesch Déift gëtt.

JANS privat Toilette
JANS Case Study Private Case 01 03

En Trapenhaus am Fokus

Datt engem Trapenhaus esou vill Opmierksamkeet geschenkt gëtt, wéi et an dësem Projet de Fall war, kënnt net dacks vir – Mir fannen, d’Trapenhaus huet dee Fokus och verdéngt! Al hëlzen Dunnen, eng dezent Beliichtung an e gliese Gelänner maachen dës Trap zu engem reegelrechten Eyecatcher.

JANS privat Deko
JANS privat James Bond Raum

Besonnesch Bautechnik fir e besonnescht Haus

D’Mauere wéi och d’Plaffonge vum modernen Ubau goufen a Massivholzbauweis realiséiert.

JANS privat Amaturen
JANS privat Küche frontal
JANS privat Wohnzimmer hoch

Ausserdeem goufen am komplette Gebai speziell Killsystemer an de Plaffong verbaut, déi d’Haus op waarme Summerdeeg op eng energieeffizient Manéier angeneem kill halen.

JANS L Ampe Detail
D’Haus vun den zwee Gesiichter
JANS Creutz Partners Office 2
JANS Case Study Creutz AG 03
JANS Creutz Partners Front Desk

Zum nächste Projet

Baussen haart, bannen Dschungel

Inspiréiere loossen