Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

2026 03 10 JANS Ecole Dommeldange 01
BLOG / 10.03.2026

Vun A bis Z – aus enger Hand mam Beispill vum Bau vun der Schoul zu Dummeldeng

An engem Bauprojet ginn et vill Phasen – vun der Planung bis hin zu der Remise de clés sinn eng ganz Rëtsch Corps-de-metieren involvéiert. All Bedeelegt zesummenzebréngen an ze koordinéieren, ass eng riseg Aufgab, déi mir bei JANS erfollegräich ëmsetzen.

Egal ob et sech dobäi ëm e private Projet, eng ëffentlech Ausschreiwung, en Objet fir d‘Industrie oder eng Luxusimmobilie handelt – mir begleede Projete vun A bis Z, esouwéi zum Beispill de Bau vun der Schoul zu Dummeldeng.

De Startschoss fir de Bau fält an der Konzeptplanung an der Entwécklung. Zu dësem Zäitpunkt schaffen d’Planer an d’Architekten zesummen, fir de Grondstee fir de Projet ze leeën. Bei der nächster Etapp iwwerhëlt de Projetsmanager d’Projetsvirbereedung, an dësem Fall ass dat de François Lafontaine. An dëser Phas gëtt ënner anerem ofgestëmmt, wat fir Produiten an den Asaz kommen, an dëst ëmmer am Aklang mat de Planunge vun den Architekten.

Beim Bau vun der Schoul zu Dummeldeng louch de Fokus kloer op Nohalteg- a Réckbaufäegkeet. Dofir gouf dëst Gebai komplett am Holz gebaut – d’Spezialitéit vu JANS. Déi natierlech Materialer, déi an den Asaz koumen, stäerken d’Verbindung tëscht dem Gebai a senger Ëmgéigend a suerge fir en agreabelt Raumklima.

2026 03 10 JANS Ecole Dommeldange 02

Vun der kreativer Planung zu der fachgerechter Ëmsetzung

Éier et awer un den Ausbau vum Banneberäich goung, huet sech JANS d’éischt ëm de Réibau an am Schrëtt drop dann ëm d’Aarbechten um Daach gekëmmert. Hei koumen eis eegen Daachdecker an d’Spill, déi sech mat besonneschem Fokus op déi passend Isolatioun an Ofdichtung ëm den ieweschten Ofschloss vum Gebai gekëmmert hunn.

Si Fënsteren an Elektronik verbaut, geet et un d’Gestaltung vun de Banneraim esouwéi d’Fassad. „85 Prozent vum Schoulgebai zu Dummeldeng hu mir bei JANS intern realiséiert. Dobäi hunn eis verschidde Corps-de-metieren Hand an Hand geschafft,“ erkläert de Gerant Steve Jans. „E klengen Deel, ënner anerem am Themefeld Fënsteren, hu mir mat eise vertraute Partneren ëmgesat. Natierlech ëmmer an enker Ofstëmmung mam Leeder vum Projet an de weidere Verantwortleche vu JANS.“

Baussegestaltung mat besonneschen Uspréch

Bei der Schoul zu Dummeldeng waren doriwwer eraus och d’Baussenanlage vu besonnescher Wichtegkeet. Hei huet JANS d’Pläng fir den Haff- a Spillberäich mat den eenzele Spillgeräter esouwéi déi reschtlech Konzeptioun ëmgesat. Schliisslech ass e wuertwiertlech top ekipéierte Pausenhaff vun insgesamt iwwer 1.000 m² fir d’Schoulkanner entstanen, 126 m² dovun iwwerdaacht.

E besonneschen Challenge am Bausseberäich: En Deel vun de Beem um Terrain sollt erhale bleiwen. Fir JANS huet dëst also bedeit, d’Anlagen ëm d’Beem ronderëm ze konzipéieren. Eng vermeintlech Banalitéit, déi d’Ëmsetzung awer bedeitend beaflosst huet.

2026 03 10 JANS Ecole Dommeldange 03

Ass dëst awer alles gepackt, da kënnt et zu der Remise de clés – am Fall vun der Schoul zu Dummeldeng pénktlech an am Budget, wéi et den Usproch bei JANS fir all Projet ass. Esou huet d’Ëmsetzung net emol ee ganzt Joer gedauert: Den Ufank vum Bau war am Oktober 2023 a pénktlech fir d’Rentrée 2024 war de Projet – wéi geplangt – ofgeschloss.

D’Gesamtheet vum Projet, inklusiv de Baussenanlagen, virum Hannergrond vun der knapper Bauzäit am Bléck ze halen, war allerdéngs en Challenge, wéi de François Lafontaine erkläert. „Wa sech een Deel vum Schantjen an d’Längt zitt, verzögert sech de ganze Projet“, erkläert de Leeder vum Projet. Dat Ganzt erfuerdert vill Ofstëmmung a permanent Koordinatioun mat den externe Partneren, de Corps-de-metieren an natierlech dem Auftraggeber. An all dëst am Kader vun engem festgeluechte Budget.