Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

1 2024 10 23 JANS portraits PK11955
BLOG / 21.05.2025

All fir een – ee fir all: zentral Lagergestioun bei JANS

D’Lager: e wichtege Bestanddeel vun der dagdeeglecher Aarbecht bei JANS. Ouni dat richtegt Material zum richtegen Zäitpunkt leeft um Schantje guer näischt. Fir dass dat noutwennegt Bau- an Installatiounsmaterial allzäit bereetsteet, schaffen eis Lageraarbechter an Akeefer onermiddlech am Hannergrond.

Mir stellen dräi vun hinne vir, déi Deel vun eiser neier Ekipp an der zentraler Lagergestioun sinn: d’Angélique Asselborn, de Benjamin Pottier an de Patrick Carvalho.

Zanter zéng Méint teste mir bei JANS en neie System vun der Gestioun vun eisem Lager, fir d’Prozesser méi fléissend an effizient ze gestalten. Sënn an Zweck vun der Saach: D’Lagerbestänn an d’Kapazitéite vereenen an esou wäertvoll Fläch am Lager aspueren.

2 2024 10 23 JANS portraits PK36117

Eng Ekipp, déi Uerdnung schaaft

Fir genee dëst ëmzesetzen, brauch et eng staark a kompetent Ekipp. En Deel dovun ass eis zentral Akeeferin Angélique Asselborn. Si iwwerhëlt d’Verhandlunge mat de Fournisseuren a mécht d’Gestioun vum Wuereverwaltungssystem vum JANS Grupp. 

„Ech si bei JANS komm, fir mech an dëser neier Abteilung anzebréngen. Et ass flott, fir a sou enger familiärer Ambiance schaffen ze kënnen. Mäi Kolleeg de Patrick an ech hunn dem Lager eng nei Struktur ginn, d’Bestänn digital erfaasst an d’Inventarprozesser entschlaakt.“, sou d’Akeeferin, déi och schonns virdrun am Bauwiese geschafft huet an deemno wäertvoll Erfarung matbréngt.

3 2024 10 23 JANS portraits Patrick Carvalho

Camions-Libhaber

Eise Mataarbechter Patrick Carvalho ass nieft dem Akaf virun allem fir de Beräich vun de Baumaschinne responsabel. Den Akeefer an Expert fir Logistik këmmert sech ënner anerem ëm d’Planung vun den Asazzäiten an d’Koordinatioun vun de Gefierer. 

„Ech këmmere mech ëm d’Logistik vun de Camionen, organiséieren d’Tourplanung a sinn zoustänneg fir d’Gestioun vun de Locatiounsween. Duerch meng Léift fir Camione suergen ech fir en effikassen Oflaf vun der Transports- a Schanjentslogistik vu JANS."

4 2024 10 23 JANS portraits Benjamin Pottier

Alles am Bléck

Den drëtten an der Rei ass eisen Akeefer, de Benjamin Pottier. Hien ass och fir eng Flott vu Maschinnen zoustänneg. Säi Schwéierpunkt: méi kleng Maschinnen, vun der Buermaschinn bis bei d’Plaque vibrante. Dobäi muss hie sécherstellen, dass alles mat Zäite bestallt gëtt, esoudatt et an den Delaien um Schantjen antrëfft. Och d’Maintenance- a Reparaturaarbechte vun de Maschinne leien a sengem Aarbechtsberäich. 

„Wat mech motivéiert, ass dat positiivt Aarbechtsklima an e flott Aarbechtsëmfeld. Och sinn ech vun der breeder Panoplie u Baumaterialer a Produkter selwer begeeschtert, well all Produkt bitt eng nei Erausfuerderung a Méiglechkeeten.“

Mat vereente Kräften

War et nach an der Vergaangenheet esou, dass all Corps de métier bei JANS seng eege Gestioun vum Lager gemaach huet, ginn elo duerch déi zentral Lagergestioun a vereente Kräfte wäertvoll Ressource matenee kombinéiert. 

„Déi eenzel Saache leie méi no beieneen an alles ass méi iwwersiichtlech. Wa mir véier Corps-de-métieren hunn a jidder eenzelen e Regal voller Schrauwe leien huet – dat muss jo net sinn! D’Corps-de-métiere kënnen elo ënnereneen ënnerschiddlecht Material vunenee benotzen“, erkläert de Chef de service Mike Elsen d’Virdeeler vum neie System. 

De Plang fir d’Zukunft ass et, d’Bestellungen direkt vun der Baustell an de Managementsystem anzespeisen. D’Monteuren an d’Techniker sollen en direkten Abléck doran hunn, wat bei JANS op der Plaz respektiv bei engem anere Corps de métier op Stock ass, a wat extern vu Fournisseure komme muss. Esou léisst sech d’Lagerfläch nach méi effizient benotzen. 

Ganz esou wäit ass et awer nach net; mam aktuellen Testlaf si mir awer um beschte Wee dohin – mat enger staarker Ekipp, déi dagdeeglech dofir suergt, dass alles zum richtegen Zäitpunkt op der richteger Plaz ass.