Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Haart Kanten an e mëlle Kär

Déi baussecht Fassad vum Objet straalt mat senge klore Linnen dee Flair aus, deen dem moderne Stil vum Haus entsprécht. Am Banneberäich weess eng stilvoll a gemittlech Ariichtung an enger waarmer Ambiance z’iwwerzeegen. E Refuge fir déi ganz Famill, dee sech iwwer dräi Etagen an enger Gesamtfläch vun 180 m2 erstreckt.

Déi a wäiss a schwaarz gehale Fassad, aus WDVS an Alucbond, ass kontrasträich; ma duerch de modernen Design wierkt d’Architektur gläichermoossen dezent.

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 02

Iwwersiicht

Finaliséierung

Juni 2020

Gesamtfläch

180m²

Standuert

Lampech

Etagen

3

Architekt

Atrium Architectes, Luxembourg

Auftraggeber

Privat

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 01
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 05
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 03
3 Fotoen

Déi kloer Formsprooch vun dësem Objet bestëmmt säin individuelle Charakter. Kloer Linnen an e spillereschen Ëmgang mat Forme bilden eng optesch Eenheet. Trotz sengem moderne Stil passt sech d’Haus a seng Ëmgéingend, mat Vue op engt historesch Kierchegebai, un.

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 21

Am Mëttelpunkt

D’Häerzstéck vum Haus ass e groussraimege Wunn- an Iessberäich mat vill Dagesliicht, wou sech d’Familljeliewen ofspillt. Déi oppe Raumkonzeptioun passt zu de Leit, déi an dësem Haus wunnen.

D’Kiche ka mat dezente gro-matte Fronten a filigrane Linnen iwwerzeegen. Déi kofferrout Still am Iessberäich sinn den iwwerraschenden Eyecatcher vum Raum.

En Iesszëmmer am Fräien

Stilvoll an zäitgeméiss presentéiert sech och de Bausseberäich, dee sech op der Récksäit vum Haus befënnt. Aus dem Wunnberäich eraus bitt sech, duerch quasi plaffonghéich Fënsterfronten, eng formidabel Vue op d’Terrass souwéi de Gaart.

En Iesszëmmer am Fräien

Stilvoll an zäitgeméiss presentéiert sech och de Bausseberäich, dee sech op der Récksäit vum Haus befënnt. Aus dem Wunnberäich eraus bitt sech, duerch quasi plaffonghéich Fënsterfronten, eng formidabel Vue op d’Terrass souwéi de Gaart.

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 07
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 19
2 Fotoen
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 12

« Bei eisem Hausbau war et eis besonnesch wichteg, datt vill Dagesliicht an de Wunnberäich fält. D’Kummere sollte geraimeg awer net ze grouss ausfalen. Esou bleift et gemittlech an et fillt ee sech net am Raum verluer. »

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 14

Schwiewend Träppleken

D’Träppleken aus Naturholz schéngen am Raum ze schwiewen a ginn dem Beräich eng gewësse Liichtegkeet.

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 13
21 04 19 JANS 1286
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 17

Faarwefrou

Kräfteg turquoise Plättercher am Toiletteberäich fir Gäscht suerge fir e stëmmungsvollt Bild. Si setzen dem Raum den Tëppel op den I a ginn duerch dee minimalisteschte Beliichtungsdesign besonnesch an Evidence gesat.

JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 20
JANS Case Study Harte Kanten weicher Kern 16

Och d’Schlofzëmmere si faarflech openeen ofgestëmmt. D’Pastelltéin berouegen a maachen d’Raim zu Beräicher vu Rou.

Haart Kanten an e mëlle Kär
JANS Case Study Ein Traum aus Holz Massivholzbau 20
JANS Case Study Ein Traum aus Holz Massivholzbau 02
JANS Case Study Ein Traum aus Holz Massivholzbau 05

Zum nächste Projet

En Dram aus Holz

Inspiréiere loossen