Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Fräiheet ouni Grenzen

Dëst modernt Eegenheem erfëllt sämtlech Wënsch vum oppenen Hausentworf. Raim ginn an engem Floss aneneen iwwer a bidde Fräiraum a gläichzäiteg d’Méiglechkeet fir e villsäitegt Notzen.

A Kombinatioun mat grousse Panoramafënsteren, déi fir vill Dagesluucht am Interieur suergen, gëtt d’Gefill vu Fräiheet nach méi grouss.

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 01

Iwwersiicht

Finaliséierung

September 2021

Gesamtfläch

520 m²

Standuert

Luxembourg

Etagen

2

Architekt

Sandra Theisen

Auftraggeber

Privat

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 04

Vun der Natur ëmginn

Natierlech Luucht, den direkten Zougang zum Gaardeberäich an eng ongestéiert Vue an d’Natur komplettéieren den hellen a frëndlechen Interieur vum Haus.

Minimalistesch Ästhetik

Am Banneberäich goufe bewosst ausschliisslech natierlech Faarftéin a Materialer verschafft. D‘Spill mat Faarwen a Luucht, dat duerch déi vill Fënsteren op de waarmen Holztoun fält, gëtt den eenzele Raim eng lieweg Wierkung.

Minimalistesch Ästhetik

Am Banneberäich goufe bewosst ausschliisslech natierlech Faarftéin a Materialer verschafft. D‘Spill mat Faarwen a Luucht, dat duerch déi vill Fënsteren op de waarmen Holztoun fält, gëtt den eenzele Raim eng lieweg Wierkung.

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 14
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 09
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 08
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 16
4 Fotoen

"De perséinleche Kontakt mam JANS-Team war agreabel an onkomplizéiert. D’Mataarbechter waren immens frëndlech an hunn eng zouverlässeg Aarbecht geleescht"

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 11

Flexibilitéit

D’Haus gouf zu engem Groussdeel aus Bëtong konzipéiert. Duerch d’Benotze vun dësem Rostoff konnt eng grouss Stabilitéit erreecht an esou op eng Rëtsch droend Wänn verzicht ginn.

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 13
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 12

Dat oppent Hauskonzept gëtt op horizontalem souwéi op vertikalem Plang perfekt ëmgesat. Well och déi eenzel Stäck duerch eng Galerie an eng oppen Trap matenee verbonne sinn.

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 17
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 18
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 19

Ass dann awer ee Mol e rouege Moment a Privatsphär gewënscht, da bidde Schibedieren d’Méiglechkeet, Raim vuneneen ofzetrennen.

JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 15
JANS Case Study Grenzenlose Freiheit 02

E groussraimegt, oppent a kommunikatiivt Doheem.

Fräiheet ouni Grenzen
01 JANS Case Study Haus am Hang
17 JANS Case Study Haus am Hang
09 JANS Case Study Haus am Hang

Zum nächste Projet

D’Haus am Bierg

Inspiréiere loossen