Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

D’Haus am Bierg

Eng modern Fassad voller Kontraster souwéi e geschéckt Abrénge vu Fënsteren an ënnerschiddleche Breete suerge bei dësem Eefamilljenhaus fir eng eenzegaarteg Optik. Duerch eng meeschterlech architektonesch Planifikatioun an eng gelonge Bauweis füügt sech dëst dräistäckegt Haus perfekt an en natierlecht Ëmfeld an de Bierg an.

01 JANS Case Study Haus am Hang

Iwwersiicht

Finaliséierung

Dezember 2020

Gesamtfläch

250 m²

Standuert

Dondelange, Luxemburg

Etagen

3

Architekt

Tréma Architecture, Luxembourg

Auftraggeber

Privat

03 JANS Case Study Haus am Hang

Eng hell Oas vun der Rou

Den Highlight vun dësem Objet befënnt sech um ieweschte Stack: den Atrium. Dësen ass net just eng besonnesch Plaz fir Entspanung, mä suergt och dofir, datt d’Raim am direkten Ëmfeld mat vill Dagesliicht erschéngen. Dat beandrockend Liichtspill geléngt duerch grouss Fënsterfronten a gëtt duerch d’Asetze vun natierleche Materialer ewéi helle Gravierssteng / Kiselsteng ënnerstrach.

Natierlech Entspanung

Déi individuell verstellbar baussecht Storë garantéieren net just Privatsphär, mä suergen och fir en natierlecht Spill vu Liicht a Schiet. Elegant schwaarz Armature setzen e kontrastvollen Accent zu de wäisse Keramik Lavaboen, montéiert op stilvollen Holzschief. En zousätzleche Stauraum bidden déi an d’Mauer gebaute Regaler, déi dem Interieur esouwuel en zäitlosen ewéi och e praktesche Charme verleeden.

Natierlech Entspanung

Déi individuell verstellbar baussecht Storë garantéieren net just Privatsphär, mä suergen och fir en natierlecht Spill vu Liicht a Schiet. Elegant schwaarz Armature setzen e kontrastvollen Accent zu de wäisse Keramik Lavaboen, montéiert op stilvollen Holzschief. En zousätzleche Stauraum bidden déi an d’Mauer gebaute Regaler, déi dem Interieur esouwuel en zäitlosen ewéi och e praktesche Charme verleeden.

04 JANS Case Study Haus am Hang
05 JANS Case Study Haus am Hang
06 JANS Case Study Haus am Hang
07 JANS Case Study Haus am Hang
4 Fotoen
10 JANS Case Study Haus am Hang
11 JANS Case Study Haus am Hang

Fléissend Iwwergäng

Als Haaptmaterial vum Interieur gëtt op Eechenholz zeréckgegraff. Dëst verleet dem Objet eng agreabel Wäermt a fënnt sech net nëmmen um Niveau vum Parquet, mä och als Aarbechtsplack an der Kichen zeréck. Dobäi komme Panoramafënsteren, déi esouwuel eng Vue op déi ugrenzend Terrass ewéi och op de Bësch ginn.

09 JANS Case Study Haus am Hang
03 JANS Case Study Haus am Hang
08 JANS Case Study Haus am Hang

E modernt an oppent Wunnkonzept entsteet duerch groussraimeg Kummeren, an deenen d’Beräicher Kachen, Iessen an Distraktioun elegant aneneen iwwerginn.

02 JANS Case Study Haus am Hang
14 JANS Case Study Haus am Hang

D’Haus am Bierg zeechent sech duerch en innovative Fassadendesign aus. D’Kombinatioun vun enger schwaarzer Trespafassad an hellen Holzelementer schaaft en interessante Kontrast. Verschidde Fënsterbreeten, elegant vu schwaarzem Aluminium ëmrummt, kreéieren en dynameschen Effekt.