Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Pannen behiewen – mat engem Team, op dat s du dech verloosse kanns.
Fir eist jonkt an erfuerent Team ze verstäerken, sicht JANS énergies plus ab elo en Depanneur Heizung a Sanitär (Kundendéngschttechniker) mat Sëtz zu Eschweiler am Norde vu Lëtzebuerg.
Däin Alldag: eng Joreswaardung an enger Residenz, e Kessel, deen beim Client a Pann ass, eng Reegelung, déi muss agestallt ginn. Du fënns de Feeler, flécks en an erkläers dem Client, wat s du gemaach hues. A wann e Fall méi komplezéiert ass, bass du ni eleng: Deng Kollegen an deng Cheffen hëllefen dir weider.
JANS ass e Familljebetrib an zweeter Generatioun mat Sëtz zu Eschweiler. Mir bauen héichwäerteg Haiser a Gebaier aus enger Hand. Bannent der Grupp këmmert sech JANS énergies plus ëm Heizung a Sanitär: installéieren, waarden a flécken, fir datt eis Clienten d’ganzt Joer eng waarm Stuff a waarmt Waasser hunn. Bei eis ass Erfarung eise Kapital – a mir deele se.
Du iwwerhëls eegestänneg kleng a grouss Kundendéngschtaufträg uechter Lëtzebuerg: an Eefamilljenhaiser, Appartementer a groussen Residenzen, souwéi un industriellen Anlagen.
Du fënns Pannen a bréngs Heizungsanlagen (Gas, Heizueleg, Wäermepompel, Pellets an Holz) a Sanitäranlagen erëm an d’Rei.
Du setz Steierungs- a Reegeltechnik a Betrib, stells se an an optiméiers se.
Du méchs Waardungen a Reparaturen – a behäls bei all Anlag den Iwwerbléck.
Du beréits d’Clienten op der Plaz a beäntwers hir technesch Froen einfach a kloer.
Du iwwerhëls Bereetschaftsdéngscht no engem ofgestëmmte Plang.
Du hues eng ofgeschloss Ausbildung als Anlagemechaniker SHK, en DAP/CATP Installateur chauffage-sanitaire oder e gläichwäertegen belschen oder franséischen Diplom. En Diplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass, ass e Virdeel.
Du hues am beschten scho Erfarung am Kundendéngscht.
Du hues Grondkenntnisser an Elektro- a Reegeltechnik.
Du hues eng Préiferkaart Gas an/oder Heizueleg (carte de contrôleur gaz/fioul)? Dat ass e Plus. Wann net, ënnerstëtze mir dech, fir se ze maachen.
Du hues Freed um Ëmgang mat Clienten.
Du hëlleft gär denge Kollegen.
Du hues e Féierschäin vun der Klass B.
Du schwätz Franséisch an/oder Däitsch; Lëtzebuergesch ass e Plus.
En Team a Cheffen, déi hannert dir stinn: Back-up bei allen technesche Froen.
E koordinéierte Bereetschaftsdéngscht mat kloere Reegele fir deng Aarbechtszäit.
En onbefristete Kontrakt (CDI) a vill méi wéi just eng gutt Pai!
E Firmenauto, deen s du och fir de Wee tëscht doheem an der Aarbecht benotz.
Vill Méiglechkeeten, fir dech fachlech a perséinlech weiderzebilden.
Richteg Opstiegsméiglechkeeten an eng sécher Aarbechtsplaz.
E Familljebetrib zu Eschweiler: praktesch, wann s du am Norde vum Land, an der Belsch oder an der Äifel wunns.