Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
En Haus mat Geschicht: Hei begéine sech moderne Flair an Traditioun. Mat de Gemaier vun engem Lëtzebuerger Bauerenhaus aus dem Joer 1838 gëtt e moderne Cube mat klore Linne kombinéiert a léisst en harmonesche Mix aus Al an Nei entstoen.
Ënner dem Titel „En Haus mat zwee Gesiichter.“ gouf dësen oppenen Ubau a südkaliforneschem Wunnflair virgestallt. Elo ass de Moment komm, fir den zweeten Deel vun dësem besonnesche Projet an Evidence ze setzen, dëst mam Fokus op den eeleren Deel vum Gebai.
November 2020
Juni 2021
Luxembourg
2
Privat
Natierlech Materialer, wéi Holz a Léngent, treffen op schwaarz Faarfakzenter a modernen Industriedesign.
Den héichwäertege Buedem aus Natursteen fungéiert als gemeinsamen Nenner tëscht dem Nei- an Albau. D’Dieren aus massivem Stol a Glas goufen op d’Mooss konzipéiert.
"Et war eis wichteg, fir d’éischt emol e puer Joer am Albau ze wunnen. Doduerch hu mir eng genee Virstellung dovu kritt, wat fir eng Verännerunge mir virhuele wëllen."
Och am Bausseberäich gëtt d’Zesummespill tëscht de modernen a klasseschen Elementer weidergefouert.
Dofir goufe virun allem regional Materialer verschafft. Ënner anerem den Natursteen fir d’Dréchemauer kënnt aus engem Steebroch aus dem Norde vu Lëtzebuerg.