Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Dondelange (Vente)

Dëst luxuriéist dräistäckegt Haus zu Dondel weess, duerch e modernen Design an enger Hellewull u stilvolle Mierkmoler mat Charakter, z’iwwerzeegen.

Déi minimalistesch Holzfassad steet an engem spannende Kontrast zu de schwaarze Rummen, déi zesummen e schaarfen a kantege Look erginn.

Héichwäerteg verbaute Materialer fügen dësen Objet harmonesch a seng Ëmgéigend an.

4B, Rue du Moulin, 
L-7423 Dondelange

Planifier un itinéraire

JANS DONDELANGE 25 05

Haaptinformatiounen

Catégorie

Maison individuelle / maison jumelée

Zoustand

Nouveau

Gesamtwunnfläch

154,70 m²

Schlofzëmmer

2

Buedzëmmer

2

Baujoer

2024

Etagen

3

Garage

1

Stellplazen

1

Keller

Ja

Fläch vun Terrass

25,10 m²

Fläch vu Balcon

15,30 m²

Gesamtfläch vum Grondstéck

5,24 ar

Heizung

Wäermepompel

Abaukichen

Nee

Kafpräis (TVA vun 3 a 17 % inclus.)

1.549.000 €

Energiepass

B Energieeffizienzklasse
B Wärmeschutzklasse
JANS DONDELANGE 25 01

D’Gebai läit a roueger Lag, ass awer optimal un d’Verkéiersachsen a Richtung Stad Lëtzebuerg a Kierchbierg ugebonnen. Dëst idyllescht Haus bitt eng perfekt Kombinatioun aus Liewen am Gréngs a gläichzäiteg Proximitéit zu der Stad. An der Géigend ginn et vill Wanderweeër, déi zu Trëppeltier an Ausflich alueden.

Vun der Kichen aus kënnt een op d’Terrass, déi op der Récksäit vum Gebai läit – eng Oas fir z‘entspanen. Vun do aus huet een dann och en direkten Zougang zum Gaart.

Am Interieur kann dëst Haus mat enger Foussbuedemheizung an enger duebeler Lëftungsanlag mat Zréckgewënnung vun der Wäermt punkten – béid Elementer suerge fir e ganz agreabelt Raumklima. Donieft ass den Objet mat elektresche Sonneschutzlueden ekipéiert.

Den intelligente Grondrëss vun dësem Haus mécht den Alldag e Stéck méi einfach.

JANS DONDELANGE 25 02
JANS DONDELANGE 25 04
JANS DONDELANGE 25 03
3 Fotoen
JANS DONDELANGE 25 06

Zum Verkaf steet déi lénks Wunnhallschent.

Wann Dir méi Informatiounen zu dësem Projet kréie wëllt, da kontaktéiert eis gär via Mail oder rufft eis einfach un. Beim Haus inklusiv dem Terrain ass  d’TVA bei 3 respektiv 17 % inclus.

Interessi?

Dann schreif eis. vläicht kanns de se kréien :)

D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.
D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.