Shopping Center Massen

De JANS groupe ass zanter ville Joren Uspriechpartner an exekutive Entreprener fir den Ëm- an Neibau vum Shopping Center Massen, esouwéi vum Nopesch Véier-Stären-Hotel Wemperhaart.

Dobäi iwwerhuele mir d’Bëtongsaarbechten op dem gesamten Areal. Esou huet de JANS groupe an de leschte Joren an engem bedeitende Mooss dozou bäigedroen, datt de Shopping Center an den Hotel, conformément zu de permanent klammenden Ufuerderungen a Wënsch vun de Clienten, sech zu engem vun de gréisste vun hirer Zort zu Lëtzebuerg entwéckele konnten.

Därzäit befanne sech am Center ënner anerem eng Galerie fir anzekafe mat enger Fläch vun 23.000 m2 mat ronn 60 Butteker an enger Rei Service-Déngschtleeschtungen, zéng verschidde Restauranten esouwéi ee Businesspark mat iwwer 5.000 m2 Fläch. Et ginn 1700 Parkméiglechkeeten an zwou Tankstelle mat Pneuendéngscht a Wäschanlag, déi dofir suergen, datt d’Clienten an d’Geschäftsreesender beschtens versuergt ginn a bannent kierzeste Weeër all wichteg Saachen erleedege kënnen.

Mat innovative Léisungen ënnerstëtzt de JANS groupe och an Zukunft Massen S.A., domat hire Wuesstem weider ugekuerbelt bleift an duerch de Bau vu weideren Industriesitten nach méi Service fir Clienten a Geschäftspartner ugebuede ka ginn.
  • 23.000 m2 Akafsgalerie
    • 60 Butteker an eng Partie Service-Déngschtleeschtungen
      • 10 verschidde Restauranten
        • 5.000 m2 Businesspark
          • 1700 Parkméiglechkeetenn
            • 2 Tankstelle mat Pneuendéngscht a Wäschanlag
23.000 m²

Akafsgalerie

5.000 m²

Businesspark

1.700

Parkméiglechkeeten

Weider Projeten