Schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus

Am Joer 2017 gouf no zwielef Méint Bauzäit dëst Eefamilljenhaus finaliséiert.

De Materialmix aus Holz, Bëtong, Glas a Metall zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch dat ganzt Haus – esouwuel banne wéi och baussen. Als beonnseschen Highlight gëllt de Gasuewen am Banneberäich, dee fir eng agreabel Wäermt suergt an d’Aen op sech zitt.

Ewell d’Baussenusiicht vereent déi véier Elementer harmonesch mateneen, wouduerch sech d’Haus perfekt an d’Ëmgéigend upasst. Den helle Verbotz vun der Fassad bilt ee gelongene Kontrast mat der nossbronger Holz-Fassadeverkleedung. Déi grouss Fënstere si mat enger anthrazitter Aluminium Rumm elegant an d’Zeen gesat. Och de Bausseberäich gouf vum JANS groupe giedlech bei den Design vum Haus ofgestëmmt a konzipéiert.

An de Kummeren an am Wunnberäich ass een héichwäertegen Holzdillen-Buedem verluecht, dee fir een agreabelt Raumgefill suergt. Déi grouss Fënstere bidden eng schéi Vue a brénge Liicht an d’Haus. An der Schlofkummer gouf donieft Siichtbëtong verschafft an ass do als gestalterescht Mëttel aktiv. Ganz besonnesch kreativ gouf d’Buedzëmmer mat Dagesliicht realiséiert: Sechseckeg Plättercher dekoréiere schéngbar zoufälleg d’Mauer vum Buedzëmmer, iwwerdeems d’Bidden an de Wäschdësch absolut harmonesch mat dem Raumkonzept an Aklang stinn a mat klore Linne Rou ausstralen.

Weider Projeten