Schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus Nidderwampech

No 15 Méint Bauzäit gouf dëst charmant Haus zu Nidderwampech 2018 fäerdeg. Den éischte Bléck op d’Haus täuscht, well eréischt beim zweeten Hikucken däitlech gëtt, wéi groussraimeg dëst Eefamilljenhaus bannena geschnidden ass. De Confort an d’Wäermt vum Objet begréisst seng Besëtzer schonns beim Erakommen duerch déi viischt Dier.

D’Haus läit am Hiwwel an huet dräi separat Etagen. Clever konzipéiert, füügt et sech harmonesch a seng Ëmgéigend a bitt generéis Plaz fir d’Bewunner. Den zentrale Punkt vum Objet ass de Rez-de-chaussée mat enger moderner Kichen, enger Kachinsel an engem gemittlechen Eck – fir moies Kaffi ze drénken – souwéi engem groussen Iessdësch, deen un de Wunnberäich mat Uewen ugeschloss ass. Donieft kënnt ee vun do aus direkt op déi grouss Terrass mat integréiertem Pavillon, wou et sech gutt ophale léisst a fir eng gutt Zäit zesumme mat Frënn a Famill aluet.

De Wunn- an Iessberäich ass a waarme Faarwe gehalen. Den héichwäertege Parquet a waarme Brongtéin, den Iessdësch aus Holz an d’Kachinsel mat sengem walnossbronge Faarftoun stralen een immense Confort an eng agreabel Wäermt aus. Gëllen an anthrazit modern Luuchten, d’Aarbechtsplack an der Kiche souwéi de Kamäin a wäiss a gro setzen den Tëppel op den I a suerge fir faarflech Highlighten am Bannendesgin. Donieft ass de Wunn- an Iessberäich duerch eng grouss Fënster an Dagesliicht a bitt eng wonnerbar Vue an de Gaart.

Iwwer eng ‘schwiewend’ Trap geet de Wee op den 1. Stack. Ee weideren Highlight ass deen am Haus installéierte Lift – mat dësem léisst sech all Stack bequem erreechen. De Choix vun de beschte Materialer zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch de ganzen Objet. Héichwäerteg Natursteen-Buedem am Gank, am Buedzëmmer an an der separater Toilette, eng Italienesch Dusch am Buedzëmmer, ee mat LED beliichte Wäschdësch, Teakholz op der Terrass souwéi um Balcon am Uewergeschoss maachen dësen Objet zu engem reegelrechte Wunndram. E Beweis dofir, datt et beim Choix vum Haus net just op d’Gréisst, ma vill méi op déi gesaten Akzenter am Bannendesign an d’Konzipéiere vun de Raimlechkeeten ukënnt.

Weitere Projekte: