Schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus Düdelingen

Een Haus matzen an der Natur, ëmgi vu Bëscher a Wisen. Dëst Eefamilljenhaus gouf no 15 Méint Bauzäit fäerdeg opgeriicht. Esouwuel vu bannen, wéi och vu bausse gëtt d’Konzept vun natierleche Faarwen a Materialer den Toun un. Mat Glas- an Natursteenelementer kombinéiert souwéi mat metallen Elementer nuancéiert, ass eng exklusiv Proprietéit entstanen.

D’Haus gouf un dat terrassefërmegt Grondstéck ugepasst. D’Fassad spigelt de jeeweilegen Ënnergrond zeréck a suergt esou fir ee richtegen Hikucker. Deen a waarme Brongtéin gehale Wunn- an Iessberäich vum Objet bitt een direkten Zougang op d’Terrass a gëtt soumat Accès zu dem groussflächege Grondstéck – och hei dominéieren Naturfaarwen. Den zweeten Deel vum Haus erstreckt sech iwwer dräi Stäck, inklusiv enger integréierter Garage.

Wunnen a Wuelspieren – dëst Gefill gëtt duerch ee modernt Liichtkonzept verstäerkt. Decken- a Wandstraler harmonéiere mat de waarmen Holztéin vum héichwäertege Parquetsbuedem am Wunn- an Iessberäich souwéi mat der Holztrap am Trapenhaus. Exklusiv Natrusteen-Plättercher an der Kichen, am Gank an am Buedzëmmer ronnen d’Gesamtbild of.

Den Highlight vum Haus ass de Wunnberäich mat der ugrenzender Terrass. Dee grousse Kamäin an der Mëtt vum Haus trennt net just de Wunn- an Iessberäich optesch vuneneen of, ma suergt och fir eng agreabel Wäermt u kalen Deeg. D’Panoramafënsteren, déi bis un de Buedem erof reechen, erméiglechen engem, ee wonnerbare Bléck eraus an de Gaart a verbannen de Wunnraum, wann ee se op mécht, ouni Barrière mat der Terrass.

Weitere Projekte: