Lage
Selschent ass e rouegt Dierfchen, keng 10 Minutte vu Wolz ewech. Zu Wolz ginn et Schoulen, e Spidol souwéi divers Akafsméiglechkeete fir den alldeegleche Bedarf. D’Haus läit a roueger Ëmgéigend a bitt eng schéi Vue. En Akafszenter gëtt et am Pommerlach, ronn 20 Minutte vu Selschent ewech. D’Gare vun Draufelt mat direkter Zuchverbindung an d’Stad erreecht Dir an 10 Minutten.