Schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus zu Méchela

Dëst schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus ass an enger ganz besonnescher Lag opgeriicht ginn – matten am Hiwwel. No enger Bauzäit vu 14 Méint gouf dësen Objet am Joer 2019 finaliséiert. D’Lag vum Haus bitt eng fantastesch Vue op d’Uertschaft a geet erof bis bei d’Buerschter Schlass. Méi wéi 250 m² verdeele sech iwwer déi dräi Etagen an den ausgebaute Späicher.

Bei der Konzeptioun vum Haus gouf dorop Uecht ginn, datt seng Bewunner och nach am Alter mobil bleiwen an all Etage barrièrefräi benotze kënnen. Aus dësem Grond gouf am Viraus schonn ee Schacht mat ageplangt, an deen nodréiglech ee Lift agebaut ka ginn an all Stack matenee verbënnt. Déi grouss Kummere bidden iwwerdeems vill Plaz an een agreabelt Raumgefill. De Coup de Cœur vum Haus ass de Rez-de-chaussé mat senger oppener Kichen a sengem Iessberäich mat Zougang zu der Terrass an dem Living.

Iwwert eng fräidroend Trap kënnt een op den éischte Stack – ee besonneschen Highlight ass hei d’Faarfkonzeptioun. Duerch eng speziell Spachteltechnik an engem bronzen Ustrach wierkt d’Atmosphär gläichzäiteg waarm a lieweg. D’Träppleke si mat enger anthrazitter HPL-Beschichtung gefäerdegt a wierke a Kombinatioun mat dem Ustrach an der Glasverkleedung äusserst elegant. Um éischte Stack befanne sech och d’Schlofkummeren, ee separaten Dressing, ee Buedzëmmer wéi och ee groussen Allzweckraum.

Dësen Objet huet iwwerdeems eng Garage mat Parkméiglechkeete fir zwee Gefierer. Wierkt d’Haus vun der Zoufaartsstrooss ufangs nach relativ kleng, esou erméiglecht déi clever Konzeptioun an eng optimal Ausnotzung vun der Baufläch beim zweeten Hikucke fir Begeeschterung. Mat dësem schlësselfäerdegen Eefamilljenhaus gouf zu Méchela ee flotten Objet an enger besonnescher Lag realiséiert.

Weitere Projekte:

  • Bild verlinkt auf die Projektseite des Schlüsselfertigen Einfamilienhaus Niederwampach - lichtdurchflutetes Wohnzimmer mit Dielenboden
  • Bild verlinkt auf die Projektseite des Schlüsselfertigen Einfamilienhaus Düdelingen - auf kleiner Anhöhe errichtetes Objekt inmitten der Natur
  • Bild verlinkt auf die Projektseite des Schlüsselfertigen Einfamilienhaus Mertzig 2 - harmonisches Design der Außenfassade in Materialmix
  • Bild verlinkt auf die Projektseite des Shopping Center Massen - Neubau eines innovativen und funktionalen Industriegebäudes
  • Bild verlinkt auf die Projektseite des Gymnasium Lycée Technique Ettelbrück - moderner Schulanbau mit funktionalen Holz-Verkleidungen