Schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus zu Greiweldeng

Am wonnerschéine Wäibaugebitt un der Musel ass no 14 Méint Bauzäit dëst schlësselfäerdegt Eefamilljenhaus entstanen. Mat enger Gesamtfläch vun 250 m2 ass d’Wunnfläch am Dagesliicht a bitt senge Bewunner op 4 Etagen ausgibeg Wunnraum. Abauschief schafen donieft genuch Stauraum a suerge fir een optimaalt Notze vun de Raimlechkeeten.

De Bau am Hang huet sech fir dësen Objet besonnesch gutt gëeegent, fir d’Garage souwéi den Technik- an Heizungsraum am Soussol ënnerzebréngen. Um Rez-de-chausée gouf d’Häerzstéck vum Haus installéiert: eng oppe Kiche mat enger Kachinsel, ugebonnen un ee groussraimegen Iessberäich an ee Living, déi fir een agreabele Wunnflair suergen. Déi grouss Fënstere ginn ee Bléck op d’Terrass an an de Gaart a breeden d’Dagesliicht am ganze Wunnberäich aus.

Um éischte Stack ginn et nieft dem Eltereschlofzëmmer och zwee Kanner- an zwee Buedzëmmer.

De ganze Späicher ass als Spillzëmmer konzipéiert an do suerge grouss Velux-Fënstere fir optimal Liichtverhältnisser. Déi 4 Etagë si mat enger eleganter Holtztrap verbonnen. Ee besonneschen Highlight ass de gliesenen Asaz am Foussbuedem um éischte Stack. Duerch dëse kënnt Liicht aus dem Daachgeschoss op déi ënnescht Stäck a léisst d’Raim nach méi hell wierken.

Och de Bausseberäich ass mat ville charmanten Detailer konzipéiert a realiséiert. De Gaart ass mat L-Elementer entstanen an esou terrassefërmeg ugeluecht ginn. Beeter aus Gabioune suerge fir ee mediterrane Flair a kloer Strukturen.

Weider Projeten:

  • background photo of the turnkey single-family house in Luxemburg. It shows a striking Z-shaped staircase with a railing made of exceptionally crafted wood.
  • header image shows a light-flooded room divided into a living and dining area. The room has open access from large glass fronts to the patio and garden.
  • Photo de présentation du projet Maison unifamiliale clé en main à Greiveldingen - dalle de sol en verre praticable dans le couloir