JANS énergies plus

Elektroinstallatiounen

Als integrale Bestanddeel vun Ärem Haus gëllt och d’Elektroinstallatioun als e Beräich, an deem mir den Iwwerbléck hunn.
Mir stëmmen eis nämlech vun Ufank u mam Client of, riichten eis no senge Wënsch a Virstellungen a schaffen doriwwer eraus den entspriechende Bau-Virschrëften no. Dat komplext Virplangen an d’Installatioun selwer vun der gesamter elektrescher Anlag an engem Haus erfuerdert Know-how an Erfarung. Béides bréngt de JANS groupe ënnert en Hutt, fir Äert Haus och an deem Beräich sécher, fachgerecht an no den entspriechenden Normen ze realiséieren.

Domotik

Mat der Hëllef vum KNX-System, deen d’Gebai automatiséiere kann, verwandele mir Äert Wunnhaus an en intelligent Doheem mat individuell optiméierbare Liewens- a Wunnraim.
Beim KNX-System handelt et sech ëm ee Kabelsystem, deen d’Vernetzung vun Ärem gesamten Doheem erméiglecht: Geräter kënne flexibel matenee verbonnen an intelligent gesteiert ginn. Asazméiglechkeeten duerch de gesamten Immeubel ginn et an de Beräicher Beliichtung, Heizung, Lëften an Temperaturreguléierung. Och déi elektronesch Apparater an d’Stroumversuergung loosse sech iwwer dëse System steieren. Donieft loosse sech och aner Systemer wéi beispillsweis Sécherheetssystemer ouni Probleem integréieren – KNX léisst sech ganz flexibel erweideren. Jee no individuelle Wënsch a Bedierfnesser kënne mir Är jeeweileg Apparater a Funktiounen op Ären Alldag ofstëmmen an entspriechend programméieren. Ännerungen an Erweiderunge bleiwen iwwerdeems weiderhi méiglech. Mir hëllefen Iech bei der Sich no enger cleverer Léisung, déi Är Bedierfnesser ganz ofdeckt, soudatt Iech Confort, Sécherheet an Energie-Effizienz an Ärem Doheem garantéiert ass.

Beliichtung

Déi richteg Beliichtung spillt beim Bauen a Wunnen eng wichteg Roll. Et ass DE Facteur fir Wuelbefannen.
D’Beliichtung beaflosst a grousse Moossen d’Wuelbefannen an engem Gebai a suergt deementspriechend am Haus fir en agreabelt Raum- a Wunngefill. Mat eisen Experten am Beräich vun der Beliichtungstechnik a -planung loosse sech, souwuel dobanne wéi och dobaussen, Är Beliichtungsdreem an d’Realitéit ëmsetzen.

Video Iwwerwaachung

D’Installatioun vun enger Video-Iwwerwaachungsanlag erméiglecht eng zousätzlech modern Sécherung vun Ärem Doheem.
Eng Video-Iwwerwaachungsanlag ka méi wéi just iwwerwaachen. Si déngt als Ofschreckung, als Beweisquell am Fall vun engem Delit, ma och als Kanal, vun deem ee vun iwwerall aus nokucke kann, ob alles ronderëm d’Gebailechkeet an der Rei ass. Dir kënnt fräi aus enger breeder Panoplie u Kameraen an Accessoiren auswielen, fir Är individuell Virstellungen an d’Realitéit ëmzesetzen. Dobäi ënnerstëtzen a berode mir Iech gären.

Alarmanlagen

Sécherheet an Ästhetik kombinéiert an Ärer neier moderner Alarmanlag.
Modern Alarmanlage si carrement kleng Allrounder. Esou ginn et och an dësem Beräich vill verschidde Systemer, déi ee jee no Virléift aussiche kann. Et ginn Apparater, déi net just Schutz virun Abriecher bidden, mä och bei Dampentwécklungen, Feier oder Waasserfuitten Alarm schloen. Eng intuitiv Steierung per App erméiglecht e séieren a bequemen Astig an d’Sécherheetstechnik. Eng reell Plus-value vun dësen Apparater ass engersäits de modernen Design an anerersäits eng uspriechdend Beliichtung. D’Installatioun an d’Astelle vun dësen Alarmanlage kann eist gutt forméiert Fachpersonal gäre fir Iech iwwerhuelen.

Heizungen

D’Opriichte vun Nidderegenergie- a Passivhaiser ass zanter ville Joren ee wichtege Bestanddeel vum JANS groupe. Eist Team vu JANS énergies iwwerhëlt dobäi vum Plange bis bei d’Ëmsetze sämtlech Sanitärs-, Heizungs-, Lëftungs-, Klima- a Solaraarbechten, fir déi steigend Ufuerderunge vun eise Clienten ze garantéieren.
Scho beim Plange vum Neibau ginn eis Spezialiste vu JANS énergies mat abzeunn. Lëftungs-, Klima-, Heizungs- a Sanitärpläng gi gemeinsam mat den Architekten no de Wënsch vun de Clienten opgestallt a schonn an der Réibauphas berücksichtegt. Doduerch garantéiere mir déi rechtzäiteg Fäerdegstellung vum schlësselfäerdegen Objet a vermeiden zousätzlech Ännerungsprozesser vum Neibau – dat geschitt, well mir alles aus enger Hand an duerch kuerz Ofstëmmungsweeër vollzéien. Innovatioun, Ëmweltfrëndlechkeet an Energieeffizienz hu beim Plangen an Ëmsetzen déi héchste Prioritéit. Ganz no de Wënsch vun de Clientë personaliséiere mir d’Immobilie. Och d’Konzeptioun an d’Ëmsetzung vu Wellnessberäicher gehéiert zu dem Repertoire vu JANS énergies. Esou kann eng Sauna, ee Jacuzzi, een Hammam oder eng Infraroutkummer an d’Haus integréiert ginn, wat zu engem méi héije Wuelbefannen a Freed an den eegene véier Wänn bäidréit.

Sanitär

Mat innovative Sanitärariichtunge verwandelt JANS énergies Äert Buedzëmmer an Är perséinlech Wellnessoas.
Egal, ob am Kader vun Neibau-, Ëmbau- oder Moderniséierungsaarbechten: Mir realiséieren Äert Drambuedzëmmer.

Solar

Et gi gutt Grënn, fir iwwer d’Erweidere vun Ärem Heizungssystem mat Sonnenenergie nozedenken:
Energieverschwendung kascht Suen:
Et ginn ëmmer nach eng Rei Heizungssystemer, déi iwwer 25 Joer al sinn. D’Besëtzer dovu si sech dacks net bewosst, wéi vill Suen an Energie si duerch déi Anlage verléieren. Dat féiert net just zu finanziellen an energeteschen Abéiss, ma huet och een negativen Impakt op d’CO2-Emissiounen.

Energie spueren a Rechnungen erofsetzen:
Den Ennconsommateur ka mat engem séieren Austausche vum Heizsungsystem duerch een héicheffiiziente Brennwäertkessel, kombinéiert mat Solarenergie, bis zu 35% Energie spueren.

Ressourcen erhalen:
D’Sonnenenergie a Kombinatioun mat enger Heizung an enger Waarmwaasser-Opbereedungsanlag ginn nach ze seele genotzt. Bei enger Renovatioun oder Moderniséierung vun Ärer Anlag ass et dofir wichteg, iwwer d‘Kombinatioun vun engem Heizungssystem a Solarenergie nozedenken.

Ventilatioun

Eng gutt Loftqualitéit ass d’Grondvirraussetzung fir ee gesond Raumklima, sief et an engem Passivhaus oder engem „konventionellen“ Haus. Eng leeschtungsstaark Ventilatioun, ob mechanesch oder natierlech, spillt dofir eng wichteg Roll.
Virdeeler:
Ënnert dem Gesiichtspunkt vum dagdeegleche Confort ginn eng permanent Zirkulatioun vu frëscher Loft am Haus, d’Ofdreiwe vu Gerécher, sou mann wéi méiglech Stëbs etc. besonnesch vun eise Clienten appreciéiert. De Fakt, datt d’Fënstere fir ze lëften net opgemaach musse ginn, erméiglecht et, eng akustesch Pollutioun aus dem Haus erauszehalen (Verkéier, Autobunn, Flughafen etc.). Ee weidere Virdeel vum Ventilatiounssystem ass, datt et och an der Nuecht lafe kann, fir beispillsweis d’Wäermt ze verdeelen, déi sech wärend de Summerdeeg bannenan ugesammelt huet.

Erhale vu Ressourcen:
Déi frësch Loft gëtt, nodeems se am Gebai op déi agreabelst Temperatur bruecht ginn ass, no bausse befërdert. Dat féiert zu engem méi héijen Energieniveau wéi bei der initiéierte Bausseloft. D’Iddi dohannert ass, duerch dës eran an eraus stréimend Loftzirkulatioun eng Réckgewënnung vun den Heizungskäschten duerch d’Ventilatiounsloft ze generéieren.

Noutdéngscht

Hutt Dir ee Problem mat Ären Installatiounen?
Rufft eis un: +352 621 65 28 20 Mir sinn och nuets, sonndes an op Feierdeeg fir Iech z’erreechen! Eist kompetent Team vum Noutfalldéngscht hëlleft Iech esou séier wéi méiglech, ouni datt onnéideg Formalitéiten am Wee stinn.