Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Techniker fir Sanitär- & Heizungsanlagen (m/w/d)

Haustechnik / Eschweiler, Luxembourg

Fir eis jonk an erfueren Equippe ze verstäerken, sicht JANS énergies plus fir eng direkt Entrée no engem Techniker fir Sanitär- & Heizungsanlagen (m/w/d). Kuck dir hei den Detail zu dëser Aarbechtsplaz un:

 

Iwwer eis:

Eise Betrib ass spezialiséiert op d’Realisatioun vu qualitativ héichwäertege Gebaier – vun Eefamilljenhaiser, iwwer impressionnant Villaen a modern Wunnanlagen, bis hin zu ëffentleche Bauten an Industrieprojeten. Fir eis visionär Projeten zu Lëtzebuerg erfollegräich ëmzesetzen, sichen mir den Ament no engem motivéierten Techniker fir Sanitär- & Heizungsanlagen (m/w/d), deen eis Projeten mat Fachwëssen, Engagement a Passioun bereechert.

Aufgaben:

Selbststänneg Ofwécklung a Koordinatioun vu Projeten am Beräich Sanitär- a Heizungsanlagen

Virbereedung vun den Aarbechten an Erstelle vu techneschen an chantierbegleedenden Dokumentatiounen

Aktiv Termin- a Personalplanung

Kontaktpersoun op der Plaz fir Clienten, Monteuren a Fournisseuren

Opmoossung, Bestellung a Gestioun vu Materialien an Equipementer

Kontroll vun de Qualitéitsnormen, Aanhale vun der Sécherheet an technesche Virschrëften

Budgetverantwortung an ekonomesch Iwwerwaachung vun den eegene Projeten

Organisatioun an Begleedung vun der Inbetribnam vu Heizungs-, Ventilatiouns- a Sanitäranlagen

Profil:

Ofgeschloss Ausbildung als Anlagemechaniker SHK, Heizungsbauer, Sanitärinstallateur, Techniker oder Meeschter am Sanitär-/Heizungsberäich

Idealerweis een oder méi Joer Berufserfarung an der Chantierleitung oder Projetleitung am SHK-Beräich

Exzellent Däitschkenntnisser a Wuert a Schreiwt; Franséisch ass en Avantage fir d’Zesummenaarbecht mat internationale Clienten

Führerschäin Klass B

Asaz, Teamgeescht an d’Fäegkeet selwer Léisungen ze entwéckelen

Strukturéiert, effizient an op Qualitéit ausgeriicht Aarbechtsweis

Verantwortungsbewosstsinn a Flexibilitéit am Ëmgang mat Clienten a Partner

Motivatioun an exzellent Kommunikatiounsfäegkeeten, fir Projeten erfollegräich ofzeschléissen

Mir bidden:

Eng onbefrist Aarbechtsplaz an engem innovativen Familljebetrib

Eng Leeschtungs-gerechte an guttPai

En héichwäertege Betribswon (och fir privat Notzung)

Modern Aarbechtsmëttel an digital Projetssupport

Vill Méiglechkeete fir Weiderbildung

Eng wäertschätzend Zesummenaarbecht mat flexibelen Aarbechtszäiten a flaache Strukturen

Villfälteg Projeten mat groussem Gestaltungsspillraum

Vill Chancen fir perséinlech Karriärentwécklung

Méiglechkeet, d’Aarbechtsëmfeld aktiv matzgestalten an Iddien anzebréngen

Regelméisseg Team-Events an e grousst Grillfest

Gratis Parking an gratis Gedrénks an den Büroen

Eng grenziwwerschreidend gutt erreechbar Aarbechtsplaz

Aarbecht Applikatioun

Techniker fir Sanitär- & Heizungsanlagen (m/w/d)

D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.

Deng Adress (Optional)

Weider Umierkungen

D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.