Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Fir eis jonk an erfueren Equippe ze verstäerken, sicht JANS constructions fir eng direkt Entrée no engem Projektmanager (m/w/d) am schlësselfäerdege Bau. Kuck dir hei den Detail zu dëser Aarbechtsplaz un:
Eis Entreprise ass spezialiséiert op den Bau vu qualitativ héichwäertege Gebaier vun all Zort – vun Eefamilljenhaiser iwwer beandrockend Villaen an modern Appartementer bis hin zu ëffentlechen Gebaier an Industriellen Gebaier. Fir eis visionär Projeten zu Lëtzebuerg optimal ëmzesetzen, sichen mir de Moment no engem motivéierten Chef de projet (m/w/d) am Schlësselfäerdege Bau, deen eis Bauprojeten mat Passioun an Expertise bereechere wëll. D’JANS Grupp bréngt all Métieren fir de Bau iwwer de Reibau, Holzbau, Daach, HVAC, Elektresch Installatiounen, Fassaden an Exterieuren ënnert een Daach.
Onofhängeg Ofwécklung vu Projeten am Beräich Reibau a schlësselfäerdege Projeten.
Virbereedung vun der Aarbecht an d’Erstelle vu begleedender Dokumentatioun.
Proaktiv Terminplanung an Personalverwaltung.
Kontaktpersoun op der Plaz fir eis Clienten, d’Gewerker vun der JANS Grupp an Soustritanten.
Opmooss huelen, Bestellen an Verwalten vum Aarbechtsmaterial
Iwwerwaachung vun de Qualitéitsstandarden an Ahalen vun de Sécherheetsreegelen op der Aarbecht.
Responsabilitéit fir de Budget an déi finanziell Kontroll vun den eegene Projeten.
Eng ofgeschlosse Beruffsausbildung am Beräich Reibau ass vun Virdeel.
Idealwerweis Beruffserfarung an der Gestioun vun Chantieren.
Franséisch Kenntnisser an Wuert a Schrëft, däitsch an englesch Kenntnisser si wënschenswäert, fir och international Clienten ze betreien.
Führerschäin vun der Klass B ass erfuerderlech.
Engagement, Teamgeescht an d’Fäegkeet, selbsstänneg Léisunge ze fannen.
Eng strukturéiert an effizient Aarbechtsweis.
Verantwortungsbewosstsinn a Flexibilitéit, fir eis Clienten optimal z’ënnerstëtzen.
Motivatioun an exzellent Kommunikatiounsfäegkeeten, fir eis Projeten erfollegräich ëmzesetzen.
Eng onbefrist a sécher Aarbechtsplaz an engem innovativen Familljebetrib.
Eng leeschungsgerecht bezuelung
En héichwäertegen Firmenauto, och fir privat Notzung.
Modern a qualitativ héichwäerteg Aarbechtsmaterialien.
Emfänglech Méiglechkeete fir Formatiounen.
Eng wertschätzend Zesummenaarbecht a flexibel Aarbechtszäiten.
En ofwiesslungsräichen Aufgabeberäich mat flaachen Hierarchien.
Interessant Projeten mat ville Méiglechkeete fir Är Karriär wieder auszebauen.
D’Méiglechkeet, aktiv Äert Aarbechtsëmfeld matzegestalten an Är Iddien anzebréngen.
Team-Events.
Gratis Parkplazen.
Gratis Gedrénks an de Büroen.
E grousst Grillfest.