Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Fir d’Verstärkung vun eisem jonken an erfuerenen Team sicht JANS fir en direkten Ufang e Magasinier (m/w/d), déi/den Organisatioun als Leidenschaft versteet an duerch technescht Versteesdemech souwéi eng strukturéiert Aarbechtsweis iwwerzeegt.
Kuckt Iech hei déi detailléiert Stellenausschreiwung un:
Eise Betrib ass spezialiséiert op d’Realisatioun vu qualitativ héichwäertege Gebaier – vun Eefamilljenhaiser, iwwer impressionnant Villaen a modern Wunnanlagen, bis hin zu ëffentleche Bauten an Industrieprojeten. Fir d’ëmsetzung vun eisen innovativen a qualitativ héichwäertege Projeten zu Lëtzebuerg sichen mir aktuell e Magasinier (m/w/d), deen Organisatioun als Leidenschaft versteet an duerch säi technescht Versteesdemech souwéi eng strukturéiert Aarbechtsweis iwwerzeegt.
Als Magasinier iwwerhëls Du d’Verantwortung fir e reibungslosen Materialfloss a dréis domat wesentlech zur Effizienz vun eise Chantieren bäi. Du bass déi zentral Verbindung tëscht Akaaf, Projectmanagemengt a Montage.
Deng Haaptaufgaben ëmfaassen:
- Gestioun, Kontroll an Optimiséierung vum ganze Lagerbestand
- Kontroll vum Wuerenagank inklusiv Buchung am ERP-/Lagerverwaltungs-System
- Kommissionéierung a fristgerecht Bereetstellung vu Materialien fir Projeten
- Organisatioun vun de Lagerflächen a Sécherstellung vun der Uerdnung nom 5S-Prinzip
- Duerchféierung vun Inventairen a Bestandsanalysen
- Zesummenaarbecht mat Logistik-Partneren an internen Departementer
- Anhaalen vun de Sécherheets- a Qualitéitsrichtlinnen
Du bass en Organisatiounstalent mat engem kloere Bléck fir Prozesser, Effizienz a Präzisioun. Nieft denger Erfarung am Depot- oder Logistikberäich iwwerzeegs Du duerch Däin Verantwortungsbewosstsinn an Deng Eegeninitiativ.
Ufuerderungen:
- Ofgeschloss Ausbildung am Beräich Lagerlogistik oder eng vergläichbar Qualifikatioun
- Méijoreg Beruffserfarung an engem techneschen oder industriellen Ëmfeld
- Exzellent Kenntnisser an modernen Lagerverwaltungs-Systemer (ERP, Scanner, digital Prozesser)
- Grondverständnis vun technesche Produkter (z. B. Sanitär-, Elektro- oder Bautechnik) ass en Avantage
- Gültege Staplerführerschäin an Erfarung am interen Transport
- Héich Präzisioun, Zouverlässegkeet an Belastbarkeet
- Kommunikativ an teamorientéiert
- Gutt Kenntnisser an Däitsch a Franséisch
Perséinlech Eegeschaften:
- Strukturéiert an wäitsiichteg Aarbechtsweis
- Freed un kloere Prozesser a stänneger Verbesserung
- Verantwortungsbewosstsinn, Zouverlässegkeet an Hands-on-Mentalitéit
- Fäegkeet, och an intensiven Aarbechtsphasen deng Rou an den Iwwerbléck ze behalen
- Eng onbefrist Aarbechtsplaz an engem innovativen, familiäre Betrib mat Zukunft
- Leeschtungsgerecht a iwwertariflech Pai
- E qualitativ héichwäertege Firmenauto
- Modern Aarbechtsmëttel an digital Lager-Systemer
- Weiderbildungsméiglechkeeten fir deng fachlech an perséinlech Entwécklung
- Eng wertschätzend a flexibel Aarbechtskultur mat flaache Hierarchien
- Méiglechkeet, aktiv beim Opbau an der Verbesserung vum Depot matzewierken an eegen Iddie anzebréngen
- Regelméisseg Teamevenementer an e gemittlecht Grillfest
- Gratis Parking a Gratis Gedrénks an den Büroen