Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Gaart- a Landschaftsbauer

Constructions / Eschweiler, Luxembourg

Fir eis jonk an erfueren Equippe ze verstäerken, sicht JANS constructions fir eng direkt Entrée no engem Gärtner a paysagiste (m/w/d), gären och eng ganz Kolonn. Kuck dir hei den Detail zu dëser Aarbechtsplaz un.

Iwwer eis:

Eis Entreprise ass spezialiséiert op den Bau vu qualitativ héichwäertege Gebaier vun all Zort – vun Eefamilljenhaiser iwwer beandrockend Villaen an modern Appartementer bis hin zu ëffentlechen Gebaier an Industriellen Gebaier. Fir eis visionär Projeten zu Lëtzebuerg optimal ëmzesetzen, sichen mir de Moment no engem Gärtner a paysagiste (m/w/d), gären och eng ganz Kolonn, deen eis Bauprojeten mat Passioun an Expertise bereechere wëll. D’JANS Grupp bréngt all Métieren fir de Bau iwwer de Reibau, Holzbau, Daach, HVAC, Elektresch Installatiounen, Fassaden an Exterieuren ënnert een Daach.

Aufgaben:

Opbau vun enger Tragschicht

Verleeë vu Kanalleitungen

Realisatioun vu Mauerwierk an allen Zorten

Pläng liesen a präzis ëmsetzen

Schalung vu Buedemplacke a Bëtongdecken

Schalung vu Bëtonmaueren op der Plaz

Anmiessen vun den ze realiséierende Baukierper

Verleeë vu Pave, Trëtplatten, ...

Setze vu Préfab-Elementer fir Hangbefestegung

Realisatioun vu Verblendmauerwierk aus Natursteen

A villes méi

Profil:

Eng ofgeschlossen Ausbildung als Steemetzer ass net zwingend noutwendeg – Beruffserfarung a Motivatioun fir sech weiderzëentwéckele sinn genau esou wichteg

Du hues handwierklecht Geschéck an Erfarung um Bau

Du schaffs gären am Team, bass zouverlässeg a selbstänneg

Du hues Freed drun, mat moderner Technik an innovativen Materialien ze schaffen

Struktureiert an effizient Aarbechtsweis

Mir bidden:

Eng attraktiv an leeschtungsorientéiert Pai

D'Méiglechkeet mam Firmenauto op d’Aarbecht ze kommen

Eng sécher Platz an engem erfollegräiche Familljebetrib

Modern Aarbechtsmëttel an eng agreabelen Aarbechtsëmfeld

Spannend a variéiert Projeten am Beräich Neibau a Renovatioun

Eng kollegial Atmosphär mat flaachen Hierarchien

Schaffen an engem innovativen, zukunftsorientéierte Team

Aarbecht Applikatioun

Gaart- a Landschaftsbauer

D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.

Deng Adress (Optional)

Weider Umierkungen

D’Felder mat * markéiert si Flichtfelder a mussen onbedéngt ausgefëllt ginn. Gitt weg eng valabel Email Adress.