Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Bauprojeten / Héichwäertege Neibau - Fir d’Verstärkung vun eisem jonken an erfuerenen Team sicht JANS fir en direkten Ufang e Ferronnier / Serrurier / Soudeur (m/w/d), deen eis Wäerter lieft an d’Zukunft vun eiser Firma aktiv mat gestallt.
Kuckt Iech hei déi detailléiert Stellenausschreiwung un:
Mir sinn eng Entreprise, déi schlüsselfäerdeg Eefamilljenhaiser am gehuewene Segment realiséiert. Eis Projeten stinn fir architektonesch Qualitéit, technesch Präzisioun an eng komplett Ëmsetzung aus enger Hand.
D’Departement Stol- a Metallbau ass en integralen Deel vun eiser Struktur. Hei ginn individuell Stol- a Metallkonstruktioune fir eis Wunnprojete produzéiert an montéiert – funktionell, ästhetesch a mat héchstem Qualitéitsusproch.
Fir d’Verstäerkung vun dësem Team siche mir en erfahrene Ferronnier / Serrurier / Soudeur, deen säi Beruff beherrscht a präzis schafft.
An dëser Funktioun bass du zoustänneg fir d’Fabrikatioun an d’Montage vu Stol- a Metallkonstruktiounen no Plang.
Du schaffs am Atelier wéi och um Chantier a garantéiers eng propper an qualitativ héichwäerteg Ausféierung.
• Schweessen am MIG-Verfahren (Stol) – selbststänneg a sécher
• Schweessen am TIG-Verfahren (Stol, Inox, Aluminium)
• Pläng liesen an d’Material no Atelierplang zouschneiden
Assemblage vu Konstruktiounen wéi:
• Gelänner
• Trapen
• Paarten
• Spezialufäerdegungen: Schläife vun de Schweessneit – an impeccabelem Finish, Qualitéitskontroll vun der Uewerfläch an Ausféierung, Montage vun de produzéierten Elementer um Chantier
• Ofgeschloss Ausbildung oder méijähreg Erfarung am Stol- oder Metallbau
• Ganz gutt Kenntnisser am MIG- a TIG-Schweessen
• Sécher am Ëmgang mat technesche Pläng
• Präzis, strukturéiert a selbststänneg Aarbechtsweis
• Héije Qualitéitsusproch un déi eege Leeschtung
• Bereetschaft fir Atelier- a Chantieraarbecht
• Basiskenntnisser am Franséischen
• Aarbecht un héichwäertege Wunnprojete
• Modern equipeierten Atelier
• Strukturéiert an professionellt Aarbechtsëmfeld
• Laangfristeg Perspektiv an enger stabiler Entreprise
• Leeschtungsgerecht Pai