JANS holzbau

Eise Rohstoff

Holz ass een natierleche Rohstoff a fir de Bau vun engem Haus een onëmgänglecht Element.
Ëmmer méi Clienten entscheede sech fir een Eegenheem, dat vollstänneg aus Naturmaterialer opgeriicht gëtt. Egal, ob duerch eng Holzstännerbau-Konstruktioun a Kombinatioun mat 3 cm décke Massivholzelementer – Holz ka fir all Goût individuell verschafft ginn.

Eist professionellt Team vu Schräineren, Daachdecker a Charpentieren aus dem JANS groupe realiséiert individuell Dramhaiser aus Holz. Ma wat sinn d’Virdeeler vun engem Holzhaus?
De Choix fir een Holzhaus ass an éischter Linn zukunftsweisend. Mat dem ekologeschen, natierlechen an héichwäertege Baumaterial Holzloosse sech individuell Hausdreem a méi kuerzer Zäit verwierklechen, wéi traditionell Konstruktiounen. Ee wichtegen Aspekt ass donieft d’Wuelbefannen an de Confort, déi d’Holzhaiser ausstralen. Holz huet exzellent Isolatiounseegenschaften a reguléiert d’Raumtemperatur op eng ganz natierlech Aart a Weis. Am Wanter ass et dofir bestänneg angenehm waarm an am Summer agreabel frësch, wat zousätzlech zu engem positive Bäitrag fir den Ëmweltschutz bäidréit.

Mat JANS holzbau riichte mir ee waarmt, confortabelt a qualitativ héichwäertegt Doheem op. De Fokus läit heibäi op Nohaltegkeet an Energieeffizienz an et ass op dëser Grondlag, wou mir Holzhaiser op Mooss an no den individuelle Wënsch vun de Clientë realiséieren.

Massivholzbau

De Massivholzbau gëtt zanter e puer Joren ëmmer méi beléift.
D’Grënn fir dës Beléiftheet sinn einfach nozevollzéien: Et ass eng séier an dréche Manéier, fir ze bauen, wat Iech et erméiglecht, a kuerzer Zäit an Äert neit Haus oder an Ären neien Ubau ze plënneren. Dobäi kommen d’Virdeeler vum Holz, wat als natierlech Baustoff een exzellenten, durabelen, nohaltegen an ekologesche Produit ass. De Massivholzbau erméiglecht soumat d’LENOZ-Zertifizéierung fir een nohaltegt Wunnen.

Ervirzehiewe sinn och déi exzellent bauphysikalesch Eegenschafte vun dëser Bauweis. D’Mauerenelementer sinn diffusiounsoppen, wouduerch keng Dampspär/-brems muss agesat ginn. Si suerge fir eng agreabel Wäermt, hale gläichzäiteg d’Hëtzt – op eng natierlech Aart a Weis – gutt dobaussen. Eng optimal Schallisolatioun garantéiert ee rouegt Doheem a Confort an och d’Sécherheet gëtt groussgeschriwwen – esou zeechne sech d’Mauerenelementer duerch eng héich Feierwiderstandszäit aus.

Massivholzhaiser suerge fir eng gesond an agreabel Ambiance, well d’hëlze Wänn d’Wäermt an d’Raumfiichtegkeet optimal ophuelen an d’Holzuewerflächen doduerch angenehm waarm ginn. Si kënnen, jee no de Pläng vum Architekt an op Wonsch vum Client, individuell hiergestallt ginn: Déi eenzel Stécker ginn am Atelier virgefäerdegt an op der Plaz um Schantje montéiert. Dës Virgoensweis erméiglecht et fir a just e puer Deeg een Haus opzeriichten an op d’Wieder-Ëmstänn virzebereeden. Déi baussecht Isolatioun gëtt an der Reegel mat Holzfaser-Isolatiounsplacken ëmgesat, wouduerch een ekologescht an nohaltegt Isoléiere méiglech gëtt. Mat dësen Isolatiounsplacken – déi ronn 25% méi dënn sinn, wéi déi klassesch – loosse sech bei der nämmlechter Gréisst vum Gebai e puer Quadratmeter als Wunnfläch bäigewannen. Egal ob Verbotzplacken oder Verbotz a Fassadeschalung – bei der Gestaltung vun der Fassad ass de Bauhären d’Fräiheet komplett iwwerlooss, sou wéi och beim Plange vum Haus u sech. Fir de Bannenausbau recommandéiere mir Gipskarton- oder Gipsfaserplacken/Réigipsplacken, déi d’Holzelementer fräi kënne loossen. Der architektonescher Kreativitéit ass fir d’Raumgestaltung am Haus souwéi fir d’Gestalte baussent der Gebailechkeet keng Grenze gesat.

Opstockung an Ubau

D’Massivholz- an Holzstännerbauweis eegene sech beschtens fir d’Opstocke vum Daach souwéi fir energetesch Sanéierungen a bitt de Bauhären eng Rei Avantagen am Verglach zu massive Bauweisen.
Holz ass een natierlechen, nohaltegen an ekologesche Baustoff an huet een niddregt Eegegewiicht. Eng Erweiderung oder een Ubau un d’Haus gi präzis geplangt, wouru sech am Atelier d’Virfäerdegung vun den neie Bauelementer orientéiert an duerno realiséiert gëtt. Doduerch gëtt d’Bauzäit am Verglach zu massive Bauweise bedeitend reduzéiert an Iech et erméiglecht, fir Iech wärend de Bauaarbechten an Ärem Haus opzehalen.

Déi virgefäerdegt Module ginn direkt op der Plaz montéiert, isoléiert a waasserdicht gemaach. Äert Haus muss net ausdréchne gelooss ginn, deemno kann ouni ze waarde mat dem Bannenausbau an der Raumgestaltung ugefaange ginn.

Holzstännerbau

Den Holzstännerbau ass eng traditionell Holzbauweis. E besteet aus enger Charpente aus massiven Holzstänneren, an déi eng Holzfaserisolatioun an d’Huelraim geblose gëtt.
Fir d’Holzstännerbauweis gëllt, grad wéi fir de Massivholzbau, datt de groussen Deel am Atelier virgefäerdegt ka ginn. Dës Virgoensweis garantéiert eng séier a komplett dréche Baumanéier an erméiglecht, Äert neit Haus oder Ären neien Ubau bannent kuerzer Zäit ze verwierklechen. Holz ass een exzellenten, durabelen, nohaltegen, zolitten an ekologesche Produit. Dëst natierlecht Material bitt net just eng agreabel Isolatioun, mä garantéiert och de Schutz géint Hëtzt a Kaméidi vu baussen.

Nieft der Méiglechkeet, d’Baumodulen am Atelier virzefäerdegen, bitt d’Holzstännerbauweis eng Rëtsch weider Virdeeler: D’Bauzäit gëtt duerch dës Baumethod bedeitend gedréckt – well et eng sougenannten dréche Bauweis ass, musst Dir keng Zäit fir d’Ausdréchne virgesinn. D’Konstruktioun huet ee manner héicht Gewiicht wéi ee Massivbau a besteet aus natierleche Materialer, well esouwuel d’Charpente wéi och d’Isolatioun an d’Verkleedung komplett aus dem Naturstoff Holz bestinn. Den Holzstännerbau erméiglecht soumat d’LENO-Zertifizéierung fir een nohaltegt Wunnen. Är Gebailechkeet kann individuell no de Pläng vum Architekt geplangt ginn. Duerch dat präziist Virplange vun eisem Team kënne mir, am Zäitraum vu just e puer Deeg, een Haus opriichten a waasserfest ofdichten. Am Verglach zu de klasseschen Isolatiounsstoffer brénge mir et duerch eis Bauweis fäerdeg, fir d’Gebai ëm e puer Quadratmeter nëtzlech als Wunnraum ze erweideren.

D’Bauhäre kënne vu weidere Virdeeler profitéieren: Net just de Bannen-, ma och de Fassadendesign kann individuell no den eegene Wënsch gestalt ginn. Well et an dëser Konstruktioun keng droend Wandelementer ginn, ka bannenan d’Raumopdeelung fräi konzipéiert ginn. Déi bannecht Mauere ginn an der Reegel mat Gipskarton- oder Gipsfaserplacken opgeriicht. Doduerch hunn d’Bauhären och d’Méiglechkeet, de Bannenausbau mat enger perséinlecher Nout ze designen. Och bei der Fassadegestaltung hutt Dir, ob Verbotz, Fassadebeschalung oder Trespa-Verkleedung, déi fräi Auswiel.

Zesummenaarbecht mat Burkart Haus

Fir den héijen Ufuerderunge vun eise Clienten duerch eng exzellent Qualitéit gerecht ze ginn, wiisst de JANS groupe permanent wieder. Zanter dem Fréijoer 2018 schaffe mir dofir mat der Firma Burkart Haus zesummen – engem experimentéierten a kompetente Partner a puncto Holzhaiser vu Renchen aus dem Schwarzwald.
Burkart Haus ass zanter iwwer 50 Joer op dem däitsche Marché aktiv. Dësen traditiounsverbonnene Familljebetrib huet sech op d’Baue vun Holzhaiser spezialiséiert a konnt am Laf vun de Jorzéngten iwwer 850 Projete fir hir Clientë realiséieren. Ob Neibauten, Sanéierungen, Ëm- oder Ubauten – fir hir Clientë proposéiere si individuell Léisungen a schafen esoumat perséinlech Dramhaiser.

Fir de JANS groupe hunn héich Qualitéitsstandarden, Nohaltegkeet, Ekologie, Energieeffizienz an Individualitéit héchste Prioritéit. All dës Wäerter ginn och bei der Aarbecht vun der Firma Burkart Haus vereenegt. Opgrond vun dëse Valeuren hu mir eis fir eng Zesummenaarbecht entscheet. Mat dësem staarken a kompetente Partner un der Säit kënne mir eise Portfolio erweideren an individuell Eefamilljenhaiser aus Holz fir eis Konnschaft ubidden.

Eisem Konzept bleiwe mir weiderhin trei: All Schratt gëtt aus enger Hand geplangt, betreit an ëmgesat. Fir eis Clientë steet ee kompetenten Uspriechpartner déi ganzen Zäit zu Disponibilitéit. Gemeinsam mat Burkart Haus gëtt de Projet geplangt an ëmgesat. D’Spezialiste vu béide Betriber schaffe gemeinsam un der Realisatioun vun Ärem Dramhaus.

Burkart Haus a JANS holzbau verbënnt d’Leidenschaft, fir mat natierleche Baumaterialer Wunndreem ze realiséieren. Eefamilljenhaiser aus Holz iwwerzeege mat engem eenzegaartege Raumklima, exzellenten Isolatiounseegeschaften a strale Confort aus. Burkart Haus huet sech op d’Konstruktioun vun Eefamilljenhaiser spezialiséiert. Duerch eis Zesummenaarbecht kënnen eis Clienten elo vum Know-how vun engem Familljebetrib profitéieren a sech op een exklusiivt, individuellt an energieeffizient Eefamilljenhaus aus Holz vu Lëtzebuerg freeën.

Eist Musterhaus zu Selschent