Jonk, kreativ
a motivéiert Mataarbechter
si fir eis Clienten am Asaz.

JANS groupe


Méi wéi 25 Joer

JANS ass zanter 27 Joer um lëtzebuergesche Marché als Entreprener etabléiert. Am Joer 2017 huet de Steve a Marc Jans de JANS groupe vun hirem Papp iwwerholl a leeden zanterhier d’Geschécker vum Betrib.


Reprise

Mat der Reprise si si fir iwwer 180 Mataarbechter a véier Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg responsabel. De JANS groupe ass an de leschte Jore permanent gewuess an huet seng Offer ëm weider Ressorte vergréissert.


Dynamik

Dës Entwécklung spigelt sech och am Team erëm. Jonk, kreativ a motivéiert Mataarbechter si fir eis Cienten am Asaz. Dobäi léieren a profitéiere si vun eisen erfuerenen Aarbechtskollegen, vun deenen eng Rei scho méi wéi 20 Joer am JANS groupe schaffen.

 

Erfarungswäerter

Si deele mat eis hir Erfarungswäerter a bilden eis jonk Mataarbechter zu Fachleit vun hirem Handwierk aus.


Neien Driff

An der Konterpartie kréien eis experimentéiert Mataarbechter stänneg nei Impulser, well virun allem am Entreprenariat näischt méi fatal ass, wéi Stëllstand.

Fotoserie vun eise Mataarbechter

Mir hunn eis Mataarbechter duerch den Alldag begleet an dëse mat enger Fotoserie dokumentéiert.

Michael

Als Daachdecker mat 20 Joer Experienz ass de Michael de Profi fir Ären Daach. Zanter 2016 kann hie seng Erfarung am Holzbau, esouwuel fir Groussprojete wéi och fir Detailaarbechten als Techniker ënner Beweis stellen. Hie koordinéiert säin Team fir d‘Konstruktioun vun traditionellen, modernen, flaachen a gréngen Diecher an ass och zoustänneg fir Mur-rideaue vun Holzhaiser.

Jeannot

Zanter méi wéi 20 Joer ass de Jeannot ee feste Bestanddeel vun eisem Service. Duerch seng grouss Experienz kann hien Äre Projet vum éischten Ament bis hin zu der endgülteger Fäerdegstellung plangen. Fir all Demande fënnt hien déi richteg Léisung! Och dee kreatiivste Projet bréngt de Jeannot net aus der Rou, well duerch säi präziist Plange ginn et keng béis Iwwerraschungen.

Jemp

De Jemp ass ee vun eisen dräi Camionschaufferen. Zanter mëttlerweil 18 Joer schafft de Jean-Pierre an eisem Betrib an ass fir eis eng besonnesch Schlësselfigur! Vertrauen, Kompetenz a Leidenschaft fir säi Beruff – dat zeechent de Jemp aus. Mir kënnen eis ëmmer op säin Talent hannert dem Steier verloossen. Weder dee längste Stau nach déi rauste Wiederkonditioune kënnen hien aus der Rou bréngen.

Björn

Seng Formatioun als Architekt a Bauleeder erméiglecht him, säi Wëssen a säi Kënnen op de jeeweilege Schantercher anzesetzen. Seng gutt Laun ass esouwuel op de Schantercher wéi och am Büro ëmmer gär gesinn. De Björn schafft aus de Bau-Accorden d’Konstruktiounspläng aus, déi et Iech als Client erméiglechen d’Detailer opzeweisen an de Projet duerno ëmzesetzen. Sinn Ännerungen oder Upassungen ze maachen, kann hien opgrond vu senger Léift zum Detail a senger Formatioun als Architekt direkt reagéieren, d’Pläng upassen an Äre Projet weiderbréngen. A senger Roll als Konstruktiounsleeder iwwerhëlt hien d’Betreiung vum Schantjen a stellt doduerch sécher, datt alles no Plang an ouni Retard ofleeft.