Holz ass een natierleche Rohstoff a fir de Bau vun engem Haus een onëmgänglecht Element.

JANS holzbau

Holz ass een natierleche Rohstoff a fir de Bau vun engem Haus een onëmgänglecht Element.
Ëmmer méi Clienten entscheede sech fir een Eegenheem, dat vollstänneg aus Naturmaterialer opgeriicht gëtt. Egal, ob duerch eng Holzstännerbau-Konstruktioun a Kombinatioun mat 3 cm décke Massivholzelementer – Holz ka fir all Goût individuell verschafft ginn.

Eist professionellt Team vu Schräineren, Daachdecker a Charpentieren aus dem JANS groupe realiséiert individuell Dramhaiser aus Holz. Ma wat sinn d’Virdeeler vun engem Holzhaus?



De Choix fir een Holzhaus ass an éischter Linn zukunftsweisend. Mat dem ekologeschen, natierlechen an héichwäertege Baumaterial Holz loosse sech individuell Hausdreem a méi kuerzer Zäit verwierklechen, wéi traditionell Konstruktiounen. Ee wichtegen Aspekt ass donieft d’Wuelbefannen an de Confort, déi d’Holzhaiser ausstralen. Holz huet exzellent Isolatiounseegenschaften a reguléiert d’Raumtemperatur op eng ganz natierlech Aart a Weis. Am Wanter ass et dofir bestänneg angenehm waarm an am Summer agreabel frësch, wat zousätzlech zu engem positive Bäitrag fir den Ëmweltschutz bäidréit.

Mat JANS holzbau riichte mir ee waarmt, confortabelt a qualitativ héichwäertegt Doheem op. De Fokus läit heibäi op Nohaltegkeet an Energieeffizienz an et ass op dëser Grondlag, wou mir Holzhaiser op Mooss an no den individuelle Wënsch vun de Clientë realiséieren.

Zesummenaarbecht mat Burkart Haus

Fir den héijen Ufuerderunge vun eise Clienten duerch eng exzellent Qualitéit gerecht ze ginn, wiisst de JANS groupe permanent wieder. Zanter dem Fréijoer 2018 schaffe mir dofir mat der Firma Burkart Haus zesummen – engem experimentéierten a kompetente Partner a puncto Holzhaiser vu Renchen aus dem Schwarzwald.
Burkart Haus ass zanter iwwer 50 Joer op dem däitsche Marché aktiv. Dësen traditiounsverbonnene Familljebetrib huet sech op d’Baue vun Holzhaiser spezialiséiert a konnt am Laf vun de Jorzéngten iwwer 850 Projete fir hir Clientë realiséieren. Ob Neibauten, Sanéierungen, Ëm- oder Ubauten – fir hir Clientë proposéiere si individuell Léisungen a schafen esoumat perséinlech Dramhaiser.

Fir de JANS groupe hunn héich Qualitéitsstandarden, Nohaltegkeet, Ekologie, Energieeffizienz an Individualitéit héchste Prioritéit. All dës Wäerter ginn och bei der Aarbecht vun der Firma Burkart Haus vereenegt. Opgrond vun dëse Valeuren hu mir eis fir eng Zesummenaarbecht entscheet. Mat dësem staarken a kompetente Partner un der Säit kënne mir eise Portfolio erweideren an individuell Eefamilljenhaiser aus Holz fir eis Konnschaft ubidden.

Eisem Konzept bleiwe mir weiderhin trei: All Schratt gëtt aus enger Hand geplangt, betreit an ëmgesat. Fir eis Clientë steet ee kompetenten Uspriechpartner déi ganzen Zäit zu Disponibilitéit. Gemeinsam mat Burkart Haus gëtt de Projet geplangt an ëmgesat. D’Spezialiste vu béide Betriber schaffe gemeinsam un der Realisatioun vun Ärem Dramhaus.

Burkart Haus a JANS holzbau verbënnt d’Leidenschaft, fir mat natierleche Baumaterialer Wunndreem ze realiséieren. Eefamilljenhaiser aus Holz iwwerzeege mat engem eenzegaartege Raumklima, exzellenten Isolatiounseegeschaften a strale Confort aus. Burkart Haus huet sech op d’Konstruktioun vun Eefamilljenhaiser spezialiséiert. Duerch eis Zesummenaarbecht kënnen eis Clienten elo vum Know-how vun engem Familljebetrib profitéieren a sech op een exklusiivt, individuellt an energieeffizient Eefamilljenhaus aus Holz vu Lëtzebuerg freeën.

Eist Musterhaus zu Selschent