Daachcouverture

Den Daach vun engem Objet schützt net just géint d’Wiederkonditioune wéi Reen, Schnéi oder Wand. Vill méi ass et den ieweschten Ofschloss vun engem Gebai, dee mat enger professioneller Ofdichtung an Isolatioun fir de Confort bannena bäidréit.
Ob Steil- oder Flaachdaach, d’Charakteristik vun engem Haus gëtt wesentlech duerch d’Gestalte vun engem Daach gepräägt. Gi bei engem Steildaach éischter Materialer wéi Metall (Zénk an Aluminium), Schifer an Tounzille verschafft, gi Flaachdiecher mat Matièren aus Plastik a Synthetik ofgedicht.

Mir decken d’Diecher vun eisen Objete ganz no de Wënsch vun eise Clienten of. Eventuell Oploen (vu Sites et Monuments) gi bei den Aarbechte berücksichtegt. Mir bidden eng grouss Unzuel u Faarwen a Forme vun Zillen an Daachsteng. Donieft verwende mir nëmmen déi Materialer, déi vun allerhéchster Qualitéit sinn. Dobäi schaffe mir enk mat Betriber aus der noer Ëmgéigend zesummen, esou kréie mir bespillsweis Matièrë vu Rheinzink.

Schräinerei

D’Schräinerei ass ee wichtegt Departement am JANS groupe. Eis Mataarbechter si Meeschter am Handwierk vun der Schräinerei an Dachdeckerei. Si sinn dofir zoustänneg, datt eis Haiser ee perfekt isoléierten an ofgedichten Daach kréien.
Fir een Daach ze bauen, gëtt fir d’éischt d‘Charpente an eiser Schräinerei virgefäerdegt. Dës Konstruktioun gëtt ëmmer dem Plang no an op d’Mooss hiergestallt an duerno no System montéiert.

JANS toitures leet vill Wäert op Qualitéit a verwent bal ausschliisslech Konstruktiounsvollholz (KVH). KVH ass eng héichwäerteg Qualitéitsklass a gëtt ënner anerem vun Nolholzzorten ewéi Dänn, Mëläs, Kifer a Douglas industriell hiergestallt. Nohaltegkeet, Ekologie an Ekonomie: Kritären, déi eis Mataarbechter beim Choix vun de Materialer genee préiwen.

Eis Schräinerei baut allerdéngs net just Diecher. Si riichten och Car-Porten, Pavillonen an Holzhaiser no de Wënsch vun de Clienten op.

Isolatioun & Loftdichtheet

Nëmmen ee perfekt isoléiert Haus mécht de Confort an d’Zefriddenheet vum Besëtzer aus. D’Féiss kal hunn, Duerchzuch a Fiichtegkeet, déi vu baussen no bannen erakënnt, stéiert de Confort bedeitend. Datt dat d‘Clientë vum JANS groupe net concernéiert, schaffe mir mat der Prozedur vun der sougenanntener Ablosdämmung.
Bei der Ablosdämmung gëtt d’Isolatiounsmaterial net wéi gewéinlech tëschent d‘Charpente ageluecht a mat engem Dampfspärfilm aus Plastik esouwéi mat Réigipsplacken ofgeschloss. Ma bei dëser Method (vun der Ablosdämmung) ginn Holzfaserbotten an eng Maschinn agefëllt an duerch ee flexibele Schlauch an opgelabberter Form duerch de Loftdrock an d‘Huelraim tëschent der Charpente an der Bannemauer befërdert. D‘Fasere verdeele sech esou optimal an den Huelraim a fëllen dës bis op de klengste Millimeter aus.

Duerch dës Prozedur gëtt d’Haus nohalteg an ekologesch isoléiert. Et gëtt also eng Dampfbrems agesat, déi een optimalen Austausch vu fiichter an dréchener Loft garantéiert. Duerchzuch duerch ondicht Plazen an der Isoléierung gëtt et heibäi net. Opgrond vum natierleche Rohstoff Holz ass d’Banneklima esouwuel am Wanter wéi och am Summer äusserst agreabel a suergt donieft fir eng angenehm Akustik.