Fotoe vum Serge Brison, Jeroen Verrecht an Dave Bruel fir Creutz & Partners, renomméierte Verméigensberoder zu Lëtzebuerg
Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
Projete wéi Schoulen, Schwämmen, Altersheemer, Parkingen, Sportsanlagen an Halen, Spillschoulen oder Héichschoule gehéiere geneesou zu eisem Portfolio, wéi Eenzel- oder Residenzen.
Vun der Konzeptioun iwwer d’Realisatioun bis hin zu der Remise de clés setze mir alles aus enger Hand ëm. Fir de Bau vun ëffentleche Gebaier sti virun allem déi besonnesch Ufuerderunge fir Brandschutztechnik, Rettungsweeër a barriärfräi/behënnertegerecht Zougäng am Fokus.
Donieft leeë mir en héije Wäert op Energieeffizienz. Esou spuere mir net just Käschte beim Hëtzen an Entretien, mä leeschten och nach e wäertvolle Bäitrag fir d’Ëmwelt an d’Nohaltegkeet.
A fir d’Anhale vun eisen héije Qualitéitskrittären, schaffen eis Experte vun Ufank un zesummen a sinn un all Schrëtt vun der Planung bedeelegt.
Fotoe vum Serge Brison, Jeroen Verrecht an Dave Bruel fir Creutz & Partners, renomméierte Verméigensberoder zu Lëtzebuerg