Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

Villmools Merci, mir freeën eis iwwert Är Noriicht an den Interessi un Jans. Vum 29.07.2022 bis zum 21.08.2022 inklusive sinn mir am Kollektive Congé. Bei engem Noutfall sinn mir ënnert folgender Telefonsnummer fir Iech do: +352 621 65 28 20. Merci a bis geschwënn!

Am neie Glanz

En Haus mat Geschicht: Hei begéine sech moderne Flair an Traditioun. Mat de Gemaier vun engem Lëtzebuerger Bauerenhaus aus dem Joer 1838 gëtt e moderne Cube mat klore Linne kombinéiert a léisst en harmonesche Mix aus Al an Nei entstoen.

Ënner dem Titel „En Haus mat zwee Gesiichter.“ gouf dësen oppenen Ubau a südkaliforneschem Wunnflair virgestallt. Elo ass de Moment komm, fir den zweeten Deel vun dësem besonnesche Projet an Evidence ze setzen, dëst mam Fokus op den eeleren Deel vum Gebai.

21 09 21 JANS 0894 WEB

Iwwersiicht

Bauufank

November 2020

Finaliséierung

Juni 2021

Standuert

Luxembourg

Etagen

2

Auftraggeber

Privat

JANS In Neuem Glanz Renovierung 13

Belsch Eleganz

Stilistesch entsteet duerch den neien Ubau un déi traditionell Gemaier e Kontrast. Den Interieur vum fréiere Bauerenhaus ass vun engem belsche Wunnstil inspiréiert. Esou konnt Confort mat Eleganz geschéckt kombinéiert ginn.

JANS In Neuem Glanz Renovierung 12
DSC02557

Léift zum Detail

Natierlech Materialer, wéi Holz a Léngent, treffen op schwaarz Faarfakzenter a modernen Industriedesign.

JANS In Neuem Glanz Renovierung 16
JANS In Neuem Glanz Renovierung 15
21 09 21 JANS 1009 Website komprimiert

Den héichwäertege Buedem aus Natursteen fungéiert als gemeinsamen Nenner tëscht dem Nei- an Albau. D’Dieren aus massivem Stol a Glas goufen op d’Mooss konzipéiert.

DSC02547

"Et war eis wichteg, fir d’éischt emol e puer Joer am Albau ze wunnen. Doduerch hu mir eng genee Virstellung dovu kritt, wat fir eng Verännerunge mir virhuele wëllen."

Hausbesëtzer
JANS In Neuem Glanz Renovierung 07
JANS In Neuem Glanz Renovierung 01

Géigesätz zéie sech un

Och am Bausseberäich gëtt d’Zesummespill tëscht de modernen a klasseschen Elementer weidergefouert.

JANS In Neuem Glanz Renovierung 04
JANS In Neuem Glanz Renovierung 09
JANS In Neuem Glanz Renovierung 05

Dofir goufe virun allem regional Materialer verschafft. Ënner anerem den Natursteen fir d’Dréchemauer kënnt aus engem Steebroch aus dem Norde vu Lëtzebuerg.

JANS In Neuem Glanz Renovierung 23